De Pavillon Madeleine ass e Pavillon mat Restaurant um Uwänner vun der Keelbaach am Park Ouerbett zu Keel.

De Pavillon, deen der Gemeng Keel gehéiert, huet eng Baussewand aus geraschtenem Stol. D'Pläng si vum Architektebureau WW+Architektur+Management vun Esch-Uelzecht.[1] De Pavillon huet am Juni 2010 seng Dieren opgemaach[2].

De Restaurant, deem seng Kichen op den Iessall op ass, gëtt gefouert vum Léa Linster. Säin Numm krut de Pavillon vum Restaurant, deen no der Madeleine, enger bekannter Spezialitéit vum Léa Linster, genannt gouf[2].

2012 krut de Pavillon Madeleine den éischte Präis an der Kategorie 4 vum Bauhärepräis[1].

Literatur änneren

  • Sterneköchin Léa Linster eröffnet "Pavillon Madeleine". myWort.lu vum 30. Juni 2010 [1]
  • (G), 2012. Une affluence au-delà des espérances. "Bauhärepräis" 2012: une salle comble au Cercle et une exposition très visitée au Ratskeller. Luxemburger Wort vum 29. Juni 2012, S. 14.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 29. Juni 2012, S. 14.
  2. 2,0 2,1 mywort.lu vum 30.6.2010, Versioun vum 1. Juli 2012