De Paul de Pidoll (eigentlech Paul Franz Karl Freiherr von Pidoll), gebuer den 3. Abrëll 1882 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 6. Dezember 1954 zu Biscarosse a Frankräich, war Moler, Xylograph a Buchillustrateur. Hie war de Jong vum Konschtmoler Karl Michael Valentin Freiherr von Pidoll a vun der Marguerite Fernande Marie de Scherff (Duechter vum Paul de Scherff). De Paul de Pidoll war zweemol bestuet.

Paul de Pidoll
Gebuertsnumm Paul Franz Carl von Pidoll zu Quintenbach
Gebuer 3. Abrëll 1882
Lëtzebuerg
Gestuerwen 6. Dezember 1954
Biscarrosse
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Graveur

De Paul de Pidoll war e Schüler vum Sabatté, an huet zanter 1929 am "Salon des artistes français" ausgestallt. An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert huet hien eng ganz Rei vu Bicher zu Paräis illustréiert. Mir kenne vun him och eng Rei vun Holzstéch, dorënner eng Vue vu Buerschent.

Illustratiounen an: änneren

  • Le chemin des chats eng Iwwersetzung an d'Franséischt vum Hermann Suderman sengem Stéck der Katzensteg an den Éditions Mornay vu Paräis (936 Exemplaren). (Holzschnëtt)
  • Le chemin de Velours vum Remy de Goumont an Les Éditions G.Crès & Cie (Holzschnëtt).
  • Le Spleen de Paris kleng Prosagedichter vum Charles Baudelaire. (8 Schnëtter)
  • Le Phare vum Paul Reboux an den Éditions de l'Intermédiaire du Bibliophile vu Paräis (Aquerellen).
  • A Charles Forot au pigeonnier eng Landschaft.

Um Spaweck änneren