Paul a Prosper Henry

Franséisch Optiker

D'Bridder Paul-Pierre Henry, gebuer den 21. August 1848 tu Nanzeg a gestuerwen de 4. Januar 1905 zu Montrouge a Prosper-Mathieu Henry, gebuer den 10. Dezember 1849 zu Nanzeg a gestuerwen de 25. Juli 1903 zu Pralognan, ware franséisch Optiker an Astronomen.

Paul a Prosper Henry

Nom Doud vum Jean Chacornac goufen déi béid mam Finissage vun de Stärekaarten beoptragt. Fir sech d'Aarbecht méi liicht ze maachen, hu si d'Fotografie benotzt. Déi noutwenneg Instrumenter, dorënner och déi grouss Objektiver, hu si selwer gebaut. Hinnen ass déi schëtzeg Entwécklung vun der Astrofotografie am 19. Joerhonnert zu verdanken.

Si hunn eng jett Teleskopen an aner astronomesch Instrumenter gebaut. Um Observatoire vu Paräis huet jiddweree vun de Bridder siwen Asteroiden entdeckt (kuckt: Lëscht vun den Asteroiden). Am November 1885 hu si fir d'éischt fotografesch de Reflexiounsniwwel ëm d'Plejaden entdeckt.

Zu Éiere vun de Bridder gouf den 42 km grousse Moundkrater Henry Frères genannt, de Marskrater Henry, wéi och den Asteroid (1516) Henry.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie