Paul Ulveling (Musekolog)

(Virugeleet vu(n) Paul Ulveling (Musikolog))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Musikolog Paul Ulveling. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Paul Ulveling.

De Paul Ulveling, gebuer den 11. August 1922[1] zu Stroossbuerg a gestuerwen den 30. Mäerz 2014, war e lëtzebuergesche Musikolog.[2]

Paul Ulveling
Gebuer 11. August 1922
Gestuerwen 30. Mäerz 2014
Aktivitéit Musikolog

Hien ass virun allem bekannt wéinst senge Musekskritiken am Luxemburger Wort an an enger Rëtsch anere Publikatiounen am Beräich vun der Musek.

De Paul Ulveling war wärend bal fënnef Joerzéngte President vun der Ënnersektioun 'Musek' vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.

Dem Paul Ulveling säi Grousspapp war de Riichter Paul Ulveling.[1]

Säi Liewen änneren

Krichsjoren änneren

Dem Paul Ulveling säi Studium am Stater Kolléisch goufen duerch d'Invasioun vum Land duerch Nazidäitschland ënnerbrach.

1941 gouf hie vun der Gestapo wéinst Aktivitéiten an der Resistenz festgeholl, koum an de Prisong am Stadgronn a vun do aus an den Arbeitsdienst a Pommern, duerno a Griicheland.

1943 gouf de Paul Ulveling als Zwangsrekrutéierten an d'Wehrmacht agezunn. Nodeem hien absichtlech e Gëft geschléckt hat, ass hien aus engem Militärspidol fortgelaf fir sech a Richtung Westen duerchzeschloen.

Am Februar 1945 huet hien de Bombardement vun Dresden matgemaach, ier hie bei d'amerikanesch Arméi koum.

Am August 1945, nom Enn vum Krich, huet de Paul Ulveling seng Première nogeholl.

Museks- a Konschtstudien änneren

Vun 1934 un huet de Paul Ulveling Privatstonne beim Albert Leblanc geholl (Musekstheorie a Piano). Am Stater Conservatoire war hien an der Gei, den Theater (Art dramatique) an den Diktiounscoursen ageschriwwen.

1954 huet hien am Conservatoire mam Prix de capacité an der Theaterkonscht (Art dramatique) ofgeschloss a gouf Member vum Ensembel Les compagnons de la scène vum Eugène Heinen.

Um Conservatoire royal de Bruxelles huet hien du Museksanalys a Museksgeschicht studéiert, wou hien 1951 mat engem Éischte Präis ofgeschloss huet.

Gläichzäiteg zu senger Aarbecht bei RTL war de Paul Ulveling Élève libre um Institut de musicologie op der Sorbonne zu Paräis, wou hien 1956 mat engem Diplom an der Musekologie ofgeschloss huet.

1985, mat 63 Joer, huet hien op der Universitéit zu Saarbrécken en Doktorat an der Musekswëssenschaft gemaach.

Berufflech Karriär änneren

1951 gouf de Paul Ulveling am ‚‘Service musical‘‘ bei RTL, ënner de Leedung vum Henri Pensis ugestallt, wou hien ë. a. responsabel war fir d'Realisatioun vun de Sinfonie-Concerten.

Bei RTL gouf hien Direkter vun RTL-Productions zu Bartreng (1976), Gérant-directeur général (1984) an duerno Member vum Verwaltungsrot a Member vum Direktiounscomité vun RTL zu Köln (1987).

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Ulveling, P., 1982. Essai historique et musicologique comparé sur le vocabulaire musical, son écriture mélodique et rhythmique jusqu'à l'époque du plain-chant ; suivi d'un commentaire introductif au Sacramentaire et antiphonaire d'Echternach. - Ministère des arts et des sciences, Luxembourg ; Graz: Akademische Druck- und Verlagsanstalt.
  • Ulveling, P., 1994. La musique luxembourgeoise au XIXe siècle. Nos cahiers 1994 (3).

Literatur änneren

  • Weber, Loll, 2014. Paul Ulveling, musicologue et homme d'esprit. En souvenir d'un homme de science intransigeant et d'une personnalité d'une grande culture. Die Warte Nr. 17|2439, S. 2. Bäilag vum Luxemburger Wort vum 6. Juni 2014.

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 De Paul Ulveling op geneanet.org
  2. Source fir den Text vun de Versioune vum 7. Juni 2014 ass den Artikel vum Loll Weber an Die Warte vum 5. Juni 2014.