De Paul Steffen, gebuer de 17. Januar 1930 zu Esch-Uelzecht, an och do de 27. Januar 2017 gestuerwen[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[2]

Paul Steffen
Gebuer 17. Januar 1930
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 27. Januar 2017
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch

Hie war Golkipp bei der Escher Jeunesse an huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[3]

Tëscht dem 28. Oktober 1953 am 22. Dezember 1962 stoung de Paul Steffen 32-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp am Gol.[4]

Berufflech war hie Schmelzaarbechter, Wiert a Chauffeur. Hie gouf 1997 pensionéiert.[1]

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Torwartlegende Paul Steffen ist tot." wort.lu, 27. Januar 2017 um 07:52.
  2. De Paul Steffen op der Websäit vun der FIFA
  3. De Paul Steffen op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Paul Steffen op der Websäit European Football
  5. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur