Paul Koch (Politiker)

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker an Déierendokter Paul Koch. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Paul Koch.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Paul Koch, gebuer den 29. Juni 1880 zu Metzervisse[1] a gestuerwen den 10. Januar 1939 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Déierendokter a Politiker.

Paul Koch
Gebuer 29. Juni 1880
Metzervisse
Gestuerwen 10. Januar 1939
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Véidokter
Famill
Kanner Henri Koch-Kent

Hie gouf am Juni 1915, nom Doud vum Deputéierten Paul Mayrisch, als liberalen Deputéierten als Vertrieder vum Kanton Lëtzebuerg an d'Chamber gewielt a gouf 1918 bei de Wale fir d'Assemblée constituante erëmgewielt.[2]

De Paul Koch war mat der Zelie Kirpach (1882-1952) bestuet, si waren d'Eltere vum Henri Koch-Kent[3].


Referenzen änneren

  1. luxroots.com
  2. 2,0 2,1 Kuerzbiografie vum Paul Koch an der Obermosel-Zeitung vum 12. Januar 1939
  3. Mersch