Paul Kellen

lëtzebuergesche Moler

Den Anton Paul (Paul) Kellen, gebuer de 17. Januar 1881 um Lampertsbierg, a gestuerwen de 25. November 1918 zu Hohenheim bei Stuttgart, war e lëtzebuergesche Moler.[1] Hie gëtt och als Antoine-Paul Kellen ernimmt, hien huet seng Aarbecht als P. Kellen ënnerschriwwen.[2]

Paul Kellen
Gebuertsnumm Anton Paul Kellen
Gebuer 17. Januar 1881
Lampertsbierg
Gestuerwen 25. November 1918
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler, Moler
Famill
Papp Jean-Baptiste Kellen
Geschwëster Tony Kellen
Portrait vum K. von Gelmer (MNAHA)

De Paul Kellen war e Jong vum Telegrafist an Imker Jean Baptiste Kellen (1839-1929) an der Anna Margaretha Lunebach,[3] an e jéngere Brudder vum Marguerithe Kellen (1866-1896), déi mam Auguste van Werveke bestuet war, a vum Schrëftsteller Tony Kellen (1869-1948). De Kellen huet op der École des arts decoratifs zu Stroossbuerg studéiert a vun 1901 un als Student vum Martin Feuerstein op der Akademie der Bildenden Künste zu München.[1] No sengem Studium huet hien zu Dikrech en Zeechnungscours geleet.[4]

De Kellen huet Landschaften a Portraite gemoolt an Glasfënstere entworf. Hie war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg (CAL), wou hien ab 1902 un de Salonen deelgeholl huet. Dat Joer huet hien den éischte Präis an engem CAL Affichë-Concours gewonnen.[5] 1907 huet de Kellen mam Pierre Blanc den zweete Präis gewonne beim Concours fir den Entworf vun der Fënster vum Jang de Blannen an der Éierentrap vum Cercle municipal. Wéinst technesche Problemer gouf keng vun den Entwërf ëmgesat an et gouf spéider dat Joer en neie Concours ofgehalen, woubäi de Kellen nees déi zweet Plaz krut. 1908 gouf hien Verwaltungsrot vum Theaterveräin Cercle Amical de Limpertsberg.

Géint Enn vum Éischte Weltkrich ass de Kellen bei säi Brudder Tony an Däitschland geplënnert, hie war scho krank. Do ass hien am Alter vu 37 Joer gestuerwen a gouf am Stuttgarter Bezierk Birkach begruewen. Säi Grafmonument gouf vum Hans von Kolb am Optrag vum Tony entworf.[6]

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. "Antoine-Paul Kellen" & "Paul Kellen", MNAHA.
  3. Gebuertsschäin Gemeng Rollengergronn: n° 2, 1881
  4. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 178
  5. "Kunstverein", Luxemburger Wort, 12. Juli 1902.
  6. Tony Kellen, "Aus der Chronik des Limpertsberges : Vom Bieveschgart bis zum Marienhof", Obermosel-Zeitung, 31. Mai 1937.