De Paul Fabo, gebuer de 5. Juni 1906 zu Porto-Novo am Kinnekräich Dahomey (haut: Benin) a gestuerwen de 7. September 1973 zu Cotonou am Benin war e Journalist, Auteur, an Diplomat. Hie war Ambassadeur vun Dahomey am Zaïre, der haiteger Demokratescher Republik Kongo.

Paul Fabo
Gebuer 5. Juni 1906
Porto Novo
Gestuerwen 7. September 1973
Cotonou
Nationalitéit Benin
Aktivitéit Journalist, Diplomat, Schrëftsteller

1924 schafft hien am Belsche Kongo fir Lever Brothers, déi Palmueleg an Europa vermaart hunn. Duerch eng Bourse konnt hien op der Universitéit Léiwen Sproochwëssenschafte studéieren.

Zu Lëtzebuerg huet hien 2 Artikelen an der A-Z Luxemburger Illustrierte "Ein Schwarzer erzählt von Schwarzen" verëffentlecht[1][2]. An dësen Artikele kritiséiert hien de Kolonialissem an d'Ausbeutung vu Land a Leit op afrikaneschem Buedem. Well dat Wuert "Neger" offälleg am Sënn vu "Sklav" verstane gëtt, schwätz hie vu "Schwaarzen".

Nom Zweete Weltkrich huet hien als Schrëftsteller geschafft. Wéi Dahomey den 1. August 1960 onofhängeg vun Frankräich gouf, gouf de Paul Fabo vun 1961 bis 1971 Ambassadeur vun der Republik Dahomey am fréiere Belsche Kongo.

Referenzen an Notten änneren

  1. Paul Fabo, Ein Schwarzer erzählt von Schwarzen. A-Z Luxemburger Illustrierte Nr 35, S. 12-14 (28. 8. 1938). Gekuckt de(n) 15. 1. 2023.
  2. Paul Fabo, Ein Schwarzer erzählt von Schwarzen. A-Z Luxemburger Illustrierte, Nr 37, S. 7-8 (11. 9. 1938). Gekuckt de(n) 15. 1. 2023.