Passerelle des Arts
D'Passerelle des Arts ("OA 798") ass eng Bréck fir Foussgänger a Vëlosfuerer um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg, déi direkt hannert der Rouder Bréck, d'Avenue John F. Kennedy mam Plateau vum Fort Thüngen verbënnt.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Lëtzebuerg, Kierchbierg |
Koordinaten |
49° 37’ 04,7’’ N 6° 08’ 20,8’’ E |
Funktioun | |
Benotzt als | Foussgängerbréck |
Féiert iwwer | en Dällchen |
Technesch Detailer | |
Totallängt | ca. 87 m |
Héicht | max. 12 m |
Material | Inox-Stol |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 26. Abrëll 2024 |
Architekt(en) Konzeptioun |
Marc Mimram Tatiana Fabeck |
Si ass 87 Meter laang a maximal 12 Meter héich a féiert iwwer an duerch de Bësch, fir d'Avenue mam Plateau vum Park Dräi Eechelen ze verbannen, wou, am Fort Thüngen, de Mudam an de Musée Dräi Eechelen sinn.
Se huet eng laanggezunnen S-Form an ass ganz aus Inox-Stol, dee bausse blénkeg a banne matt poléiert ass. 3 Stäiler droen d'Bréck.[1]
D'Bréck, déi eng 7 Milliounen Euro kascht huet, gouf vum Fonds Kirchberg an de Ponts et Chaussées baue gelooss, no Pläng vun den Architekten an Ingenieure Marc Mimram, Tatiana Fabeck a Greisch. Se gouf de 26. Abrëll 2024 ageweit.[2],[3]
Um Spaweck
änneren- "Inauguration de la Passerelle des Arts dans le quartier européen du plateau de Kirchberg." Communiqué op gouvernement.lu, 26.04.2024.
Referenzen
änneren- ↑ Amélie Schroeder: "Vom Prototyp zur Brücke: Neue Passerelle war eine Herausforderung." wort.lu [w+], 2023-12-07.
- ↑ Fränz Aulner: "D'Passerelle des Arts ass e Freideg um Kierchbierg opgaangen." rtl.lu, 26.04.2024.
- ↑ David Thinnes: "Kirchberg hat nun auch seine Passerelle des arts." wort.lu, 26.04.2024.