Parkschëld

vertikal Signalisatioun

E Schëld fir ze parken, ze stationéieren a stallzehalen, och alt vereinfacht Parkschëld genannt, ass eng vertikal Signalisatioun, déi ugëtt wou et erlaabt oder verbueden ass ze parken, ze stationéieren a stallzehalen.

Zu Lëtzebuerg änneren

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] festgehale gouf, an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Parkschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière am Artikel 107, ënner der Rubrik VI. Signaux d'arrêt, de stationnement et de parcage beschriwwen.

Lëscht vun de Parkschëlter änneren

Bedeitung Bezeechnung(en) Bemierkung
1 Verbueden ze stationéieren Schëld C,18
2 Verbueden ze stationéieren a stallzehalen Schëld C,19
3 Ofwiesselend stationéieren Schëld C, 20a - Schëld C, 20b
4 Parkplaz Schëld E,23 - Schëld E,23a
5 Park-and-ride Schëld E,23b - Schëld E,23c - Schëld E,23d

Technesch Donnéeën änneren

E Parkschëld ass entweeder e roude Rondel mat engem roude Bord an engem bloen Hannergrond oder e bloe Rechteck mat enger wäisser an/oder schwaarzer Opschrëft. Den Duerchmiesser vun de ronne Parkschëlter muss op d'mannst 500 mm an d'Säitelängt vun de rechteckege Parkschëlter op d'mannst 400 mm laang sinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Parkschëld – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Artikel 107 – I. Signaux d'avertissement et de danger aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerunge duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 14. Februar 2019.