De Park Chung-hee (op Koreanesch: 박정희), gebuer 1917[1] am haitege Südkorea an dem deemolege Japanesche Keeserräich, a gestuerwen de 26. Oktober 1979 zu Seoul, war vun 1961 bis 1979 de Staatschef vun der Republik Korea.

Park Chung-hee
Gebuer 14. November 1917
Gestuerwen 26. Oktober 1979
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Südkorea
Aktivitéit Politiker, Militär
Famill
Kanner Park Geun-hye

Hien ass de 16. Mee 1961 als Chef vun der Militärjunta no engem Staatsstreech un d'Muecht komm. Fir d'éischt hat hien de Virsëtz vum Ieweschte Rot fir d'National Reconstructioun, éier hien 1963 zum éischte President vun der Drëtter Republik gewielt ginn ass. 1972 huet de Park d'Krichsrecht ausgeruff an d'Verfassung zu engem staark autoritären Dokument ëmschreiwe gelooss. Dat war den Ufank vun der Véierter Republik.

Nodeems de Park e puer Attentater iwwerlieft, dorënner zwee, déi mat Nordkorea a Verbindung bruecht ginn, gouf de Park de 26 Oktober 1979 vu sengem enke Frënd Kim Jae-kyu, dem Direkter vum südkoreanesche Geheimdéngscht, ëmbruecht. Bis haut ass net kloer, ob et sech bei deem Mord ëm eng spontan Dod handelt oder ob se geplangt war.

De Park gëllt als kontrovers Figur am moderne Südkorea. Entweeder gëtt hien als resolute Leader ugesinn, dee fir d'Wirtschaftswonner am Land matverantwortlech war an dee gehollef huet, dat moderniséiert Korea matzegestalten; oder hie gëllt als autoritären Diktator, den all ëffentlech Oppositioun ënnerdréckt huet fir de wirtschaftleche Wuesstem op Käschte vun den ziville Fräiheeten ze prioriséieren.

2013 ass dem Park Chung-hee seng Duechter, d'Park Geun-hye, déi éischt Fra um Poste vum President vu Südkorea ginn. Den 10. Mäerz 2017 ass si wéinst illegaler Aflossnam ofgesat ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Park Chung-hee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Déi verschidde Quelle ginn ënnerschiddlech Gebuertsdatumen un: den 30. September oder de 14. November (Encyclopadia Britannica), oder de 15. Juni (Daum)