Par Mess-Réibierg Sainte-Famille

D'Par Mess-Réibierg Sainte-Famille ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Süden-West an ersetzt déi 8 fréier Pare Betteng op der Mess, Dippech, Éileng, Garnech, Koler, Lampech, Reckeng op der Mess a Schuller. D'Uertschaft Grass, déi fréier zur Par Koler gehéiert huet, gëtt ofgetrennt.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemengen Dippech, Garnech a Reckeng op der Mess.

Den Titel vun der Par ass la Sainte Famille.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Bettange-sur-Mess, Dippach, Ehlange, Garnich, Kahler, Limpach, Reckange-sur-Mess et Schouweiler et sur l'érection de la paroisse « Mess–Réibierg Sainte-Famille »