De Pulsar mat der Nummer PSR 0833-45, och Vela-Pulsar genannt, läit am Stärebild Vela. Hie gouf 1968 entdeckt. 1977 konnt en als ee vun de wéinege Pulsaren och am optesche Beräich als Iwwerrescht vun enger Supernova identifizéiert ginn. Hien ass 250 +/- 30 pc (zirka 815 +/- 100 Liichtjoer) vun eis ewech.[1] De Pulsar staamt aus der Vela-Supernova. D'Rotatiounsdauer vum Pulsar ass 89 ms, si hëlt ëm 10,7 ns pro Dag bäi. Doraus gëtt e jonken Alter vun zirka 11.000 Joer gerechent.

De Vela Pulsar ass den helle Punkt an der Mëtt, ronderëm si Plasma-Stousswellen an Jetten déi radial verlafen.
Bildsequenz vum Fermi Gamma-ray Space Telescope.

De Vela-Pulsar straalt net nëmmen am visuellen an am Mikrowelleberäich, mä et ass och eng vun de stäerkste Gammastralequellen um Himmel. De Spektrum entsprécht deem vun engem thermesche schwaarze Straler mat enger Temperatur vu 600.000 bis 1.000.000 K.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://arxiv.org/abs/astro-ph/9902230v2