Pällembësch bei Rettel


De Pällembësch bei Rettel, op Franséisch buxaie du Pällembësch[1], ass e Griechtebësch mat Dominanz vum Pällem an der Gemeng Rettel a Loutrengen. En ass am Dällche Palmbusch tëscht Malling a Rettel ze fannen, dee vum landwirtschaftlech benotzte Plateau sud-ëstlech vu Rettel a Richtung Westen bis bei d'Musel féiert. D'Baach huet eng déif Griecht an de Kallekplateau gefriess a féiert nëmme Waasser wann et vill reent.

Pällembësch bei Rettel
Lokalisatioun
Land Frankräich
Koordinaten 49°25'45,48"N, 6°19'43,87"O

D'Vegetatioun [2] gëtt nieft Bich an Hobich vun Aarte vun de Griechtebëscher dominéiert (ë. a. Aaschtert, Esch) an, do wou de Pällem en dicht Ënnerholz bilt, ass praktesch keng Krautschicht ze fannen.

Ënner anere fënnt een an deem Bësch follgend zwou Flechtenaarten op de Blieder an op den Äscht vum Pällem: Physcia tenella, dee praktesch op all Individuum ze fannen ass, an déi extreem seelen Byssoloma diederichiana[3].

Am Pällembësch bei Rettel fënnt een och de Far Phyllitis scolopendrium deen zimmlech seelen a Loutrengen ass. Am Fong vun der Griecht nieft der Baach fënnt een eng aner rar Aart, Lunaria rediviva, déi eng Virléift fir kallekräich Biedem huet.

De Conservatoire des sites lorrains huet e Léierpad duerch dësen Espace naturel remarquable uegeluecht, op Panneaue kritt ee verschidden Erklärungen.

Nom Pällembësch ass zu Rettel eng Strooss genannt ginn: « rue de la forêt de buis ».

Illustratiounen änneren

Bibliographie änneren

  • Durin, L., Mullenders W. & C. Vanden Berghen, 1964. Les forêts à Buxus des bassins de la Meuse française et de la Haute-Marne. Bull. Soc. Roy. Bot. Belgique 98.
  • Parent, G.H., 1980. Les buxaies Mosellanes: (France, G.-D. de Luxembourg, Allemagne occidentale). Mémoires de la Société royale de botanique de Belgique 8. 72 pp.
  • Vernier, F., 1997. Le buis (Buxus sempervirens L.) en Lorraine, plante vraisemblablement introduite par l'homme. Bulletin des Académies et Société Lorraines des Sciences 36, n°3. (pdf)

Referenzen an Notten änneren

  1. Och nach: buxaie du Palmbusch.
  2. Cf. eng detailléiert Beschreiwung bei Parent 1980 an der bibliographie.
  3. Byssoloma diederichiana gouf vum lëtzebuergesche Lichenolog Paul Diederich an dësem Pällembësch fonnt, deen deemno de locus typicus vun der Aart ass. D'Aart gouf nom Entdecker genannt. Dat eenzegt anert bekannt Virkomme vun dëser Aart läit op de Kanaren.