Orphée Bernard
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Orphée Bernard, mat richtegem Numm Nicolas Bernard de St. Etienne[1], gebuer den 20. Juni 1742 zu Lausanne, a gestuerwen a Loutrengen, war e franséische Militärdokter.
Orphée Bernard | |
---|---|
Gebuer |
20. Juni 1742 Lausanne |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Offizéier, Arméisdokter, Buergermeeschter |
Hien huet fir Dokter studéiert a gouf den 1. Mee 1772 als Dokter vum kinnekleche Champagneregiment ernannt. Hie war dat 21 Joer laang. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun koum hie mat de franséischen Truppe bis op Diddeleng.
1777 hat hien d'Elisabeth Anne de Milleret bestuet a gouf esou de Schwoer vum Maximilian von Boland, dee vun 1801 bis 1804 Buergermeeschter vun Diddeleng war. De 27. Oktober 1805 gouf hie selwer do Buergermeeschter. Den 18. Mee 1807 ass hien aus Gesondheetsgrënn zeréckgetrueden.
Hien hat keng Kanner. Hien huet am Paschtoueschhaus gewunnt, dat en den 30. Mäerz 1798 gesteet hat, nodeems de Kierchebesëtz konfiszéiert gi war. No sengem Récktrëtt goung hien a Loutrenge wunnen.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Diddeleng eng Strooss no him genannt. D'Rue Dr Orphée Bernard ass eng Sakgaass an der Cité am Angeldall zu Butschebuerg (49° 29’ 18.81’’ N 06° 03’ 59.31’’ O).
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Geschichtliches rund um die in Düdelingen." In: Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 101 (30.04.1976), p. 32. [Digitised by the National Library of Luxembourg].