Den Ontarioséi (en.: Lake Ontario; fr.: Lac Ontario) ass vun der Fläch hier dee klengste vun de fënnef Grousse Séien vun Nordamerika, déi duerch Flëss matenee verbonne sinn. No Déift a Volumen ass et, nom Erieséi, deen zweetklengsten.

Ontarioséi
Vue op Toronto.
Land Kanada,
USA
Verwaltungseenheet Ontario
Länner um Uwänner USA, Kanada
Fläch 18.529 km²
Héicht. i. M. 74,1 m
Vue no Osten iwwer de Séi op Toronto.
Den Ontarioséi an déi aner Grouss Séien.

Den Ontarioséi läit op enger Héicht vu 75 m iwwer dem Mier an huet eng Fläch vun 19.011 km² an e Volume vu 1.639 km³. Säin Ëmfang ass 1.146 km, an den déifste Punkt ass 244 Meter ënner dem Waasser.

D'Grenz tëscht Kanada an de Vereenegte Staate geet duerch de Séi. Haaptaffluent ass den Niagara River deen aus dem Erieséi kënnt. Aner Flëss, déi dralafen, sinn den Trent River, de Genesee River, den Oswego River an de Salmon River. Am Oste leeft den Ontarioséi an de Sankt-Lorenz-Stroum iwwer.

Et gëtt eng 1.500 Inselen am Ontarioséi, déi gréisst ass Wolfe Island am Osten.

Wéinst sengem Glach gouf den Ontario Lacus um Saturnmound Titan dono genannt.

Literatur änneren

  • Arthur Pound: Lake Ontario. Indianapolis, New York, Bobbs-Merrill 1945.
  • Anne Ylvisaker: Lake Ontario. Fact Finders 2005, ISBN 978-0-7368-2211-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Ontarioséi – Biller, Videoen oder Audiodateien