Cricket
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Cricket ass eng Ekippesportaart, déi a Groussbritannien entstanen ass a virun allem an de Länner vum Commonwealth populär ass.
Cricket gëtt tëscht zwou Ekippen vun 11 Spiller gespillt. Den Terrain ass oval, 135 Meter op 150, a meeschtens aus Wues. An den Ekippe sinn déi meescht Spiller spezialiséiert: déi eng éischtr als Batteur, déi aner als Werfer, verschiddener si gläichgutt an deenen zwou Funktiounen. Da gëtt et nach eng Zort Golkipp, de Wicket-Keeper deen eng extra Schutzkleedung dréit an hanner dem Batteur placéiert ass.
Den TerrainÄnneren
Déi baussenzeg Begrenzung (Boundary) gëtt virun dem Spillufank markéiert, z. B. mat engem Seel. An der Mëtt vum Feld fënnt een eng besonnesch preparéiert, 20 Meter laang an 3 Meter breet Sträif, déi "Pitch" oder "Wicket" heescht. Op all Enn vum Pitch sinn dräi Poteauen (Stumps) opgestallt, tëscht deene laange Poteaue gi méi kleng Spéin de queesche Wee gesat (Bails). D'Stumps an d'Bails zesumme gi wéi gesot Wickets genannt.
Struktur vun engem MatchÄnneren
D'Matchstruktur hänkt dovun of op am Summer oder am Wanter gespillt, iwwer een Dag oder iwwer 3, 4 oder 5 Deeg.
Bei just engem Dag gëtt d'Zuel vun Overs festgeluecht an da muss all Mannschaft sou vill Overs geheien. D'Mannschaft, déi méi Runs mécht, ass de Gewënner.
Iwwer 3, 4 oder 5 Deeg gëtt et keng Begrenzung vun Overs. Eng Ekipp muss all d'Spiller vun där aner Ekipp "Aus" (OUT) kréien, an dat muss zweemol iwwer fënnef Deeg geschéie fir datt e Resultat erkläert gëtt. Wann dat awer net de Fall ass, da gëtt de Match als "Draw" oder ouni Resultat erkläert.
Wéini de Batteur eraus mussÄnneren
D'Feldekipp huet als Zil, de géigneresche Batteur auszemaachen (to dismiss), d. h. d'Spiller vun der Feldekipp sollen en sou séier wéi méiglech aus dem Spill geheien. All Batteur spillt soulaang bis datt hien AUS ass an e gëtt dann duerch den nächste Batteur, deen an dësen Innings nach net un der Rei war, ersat. Sou bal 10 vun 11 Batteuren AUS sinn (et schwätzt ee vun "all out"), ass den Inning um Enn (da wiesselt d'Schlorecht) respektiv ass d'Spill fäerdeg.
D'Ausscheede vum Batteur gëtt och als "Wicket" bezeechent, onofhängeg dovun, ob d'eigentlecht Wicket dru bedeelegt war oder net. Sou e Wicket kann op 10 ënnerschiddlech Manéiere virkommen:
- Wann d'Wicket mam Ball vun der Feldmannschaft getraff gëtt, wärend ee vun de Batteuren nach tëscht de Wickets (eigentlech tëscht de Schlolinnen) ënnerwee ass (Run out).
- Wann de Wierfer mat sengem Ball dem Batteur laanscht d'Wicket trëfft a manneschtens ee "Bail" eroffält (Bowled). Heiansdo lenkt de Batteur dobäi de Ball och ouni et ze wëllen op säin eegene Wicket. Dat heescht "played on", ass awer technesch gesinn och "Bowled".
- Wann de Batteur de Ball schleit an e Spiller vun der Feldmannschaft de Ball fänkt, ier de Ball eréischt um Buedem a Kontakt kënnt (Caught). Wann de "Wicket-Keeper" de Ball fänkt, schwätzt ee vu "caught behind", wann de Wierfer selwer de Ball fänkt, heescht dat "caught and bowled".
- Wann de Ball vum Batsman verfeelt, mä duerch sengem Kierper opgehale gëtt, an de Ball dem Arbitter no d'Wicket getraff hätt, kann hien "Aus" gi ginn. Dës Reegel ass eigentlech souguer nach e bësse méi komplizéiert. Dofir ass et kee Wonner datt dës Reegel wuel déi ass bei där et vill Diskussioune gëtt (mee net op der Plaz), well et ganz op d'subjektiivt Uertdeel vum Arbitter ukënnt (Leg before Wicket, oder kuerz gesot LBW).
- Wann de Batteur beim Schloversuch viru senger Schlolinn trëtt an de Ball beim Wicket-Keeper duerchkënnt. Wann hien dann eleng d'Wicket mam Ball zerstéiert, ier de Batteur erëm hanner d'Linn kënnt an ouni datt de Batteur e Punkt (Run) ugestrieft huet, nennt een dat "Stumped".
- Wann de Batteur wärend dem Schloe säi Wicket zerstéiert, z. B. mat sengem Bat oder mat sengem Kierper (Hit Wicket).
- Wann de Batteur de Ball express mat der Hand spillt (Handled the Ball).
- Wann de Batteur d'Feldekipp express behënnert (Obstructing the Field).
- Wann de Batteur de Ball express zweemol spillt (Hit the Ball Twice), ausser hie probéiert bei der zweeter Kéier säi Wicket ze verdeedegen.
- Wann den neie Batteur méi laang wéi 3 Minutte brauch, fir prett ze sinn, fir weiderzespillen (Timed out).
Cricket zu LëtzebuergÄnneren
Cricket gëtt zanter 1976 zu Lëtzebuerg gespillt. Am Ufank gouf zu Bäreldeng gespillt, do, wou haut e Fast-food-Restaurant steet; haut läit den Terrain zu Walfer, tëscht den Tenniscourten an der Pidalschwämm. Am Wanter gëtt "Indoor"-Cricket gespillt. De Format dofir ass e bëssen anescht an adaptéiert. Et gëtt 7 Hären- an 1 Dammenekippe. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cricket zu Lëtzebuerg.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Cricket – Biller, Videoen oder Audiodateien |