Observatoire vu Marseille
(Virugeleet vu(n) Observatoire de Marseille)
Den Observatoire vu Marseille ass en astronomeschen Observatoire, dee vun der Universitéit vun Aix-Marseille bedriwwe gëtt.
MPC-Code | 014 |
---|---|
Gegrënnt | 1702 |
Instrumenter | |
Geographesch Situatioun | |
Land | Frankräich |
Adress | Allée Jean-Louis Pons |
Koordinaten | 43°18'19,62"N, 5°23'40,58"O |
Héicht | 40 m |
Datum vum Bau | 1863 |
Den Observatoire steet zu Marseille a Frankräich. Nodeem en agriicht war, huet do den Édouard Stephan 1877 eng Grupp vu Galaxien entdeckt, déi als Stephans Quintett bekannt sinn. Den Observatoire gouf ufanks baussent der Stad gebaut, steet awer haut, well Marseille ëmmer méi grouss gouf, am Stadgebitt.
2000 gouf den Observatoire mam Laboratoire d'astronomie spatiale zesummegeluecht fir de Laboratoire d'astrophysique de Marseille ze bilden.
Direktere vum Observatoire
änneren- Antoine Laval 1702-1728
- Esprit Pezenas 1729-1763
- Saint-Jacques de Silvabelle 1763-1801
- Jacques-Joseph Thulis 1801-1810
- Jean-Jacques Blanpain 1810-1821
- Jean-Félix Adolphe Gambart 1821-1836
- Benjamin Valz 1836-1860
- Édouard Stephan 1866-1907
- Henry Bourget 1907-1921
- Henri Buisson (Geschäftsféierenden Direkter) 1921-1923
- Jean Bosler 1923-1948
- Charles Fehrenbach 1948-1971
- Roger Malina 2008-
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Laboratoire d'Astrophysique de Marseille, Jan. 2014
- OSU-Institut Pythéas, updated Jan. 2014
- Observatoire de Haute Provence, updated Jan. 2014