Frederik Kaiser

hollänneschen Astronom

De Frederik Kaiser gebuer den 10. Juni 1808 zu Amsterdam a gestuerwen den 28. Juli 1872 zu Leiden war en hollänneschen Astronom. Hie war vum Joer 1838 bis zu sengem Doud Direktor vum Observatoire vu Leiden.

Frederik Kaiser
Gebuer 10. Juni 1808
Amsterdam
Gestuerwen 28. Juli 1872
Leiden
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vu Leiden
Aktivitéit Astronom, Professer, Universitéitsprofesser
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
Den alen Observatoire zu Leiden

De Kaiser gëtt mat dem Fortschrëtt vun der hollännescher Astronomie a Verbindung bruecht, well hien zu senger Zäit héichrangech Bäiträg zu der Positiounsbestëmmung gemaach huet. Zousätzlech huet hien am Joer 1861 e modernen Observatoire gebaut, haut bekannt ënner dem Numm Oude Sterrewacht (alen Observatoire), an huet domat gehollef d'Astronomie an Holland populär ze maachen.

Hien huet eng Serie Zeechnunge vum Mars wärend deem senger Oppositioun am Joer 1862 gemaach. Donieft huet hien och zimmlech prezis Rotatiounsperiodebestëmmungen notéiert.

Op dem Mound an um Mars gouf e Krater zu sengen Éiere genannt, geneesou och den Asteroid (1694) Kaiser.

Um Spaweck änneren

Commons: Frederik Kaiser – Biller, Videoen oder Audiodateien