Norman Mailer

US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist

Den Norman Kingsley Mailer, gebuer den 31. Januar 1923 zu Long Branch, New Jersey a gestuerwen den 10. November 2007 zu New York, war een US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist.

Norman Mailer
Gebuertsnumm Norman Kingsley Mailer
Pseudonym Andreas Wilson
Gebuer 31. Januar 1923
Gestuerwen 10. November 2007
New York
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Harvard Universitéit,
Boys High School
Aktivitéit Journalist, Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Romancier, Essayist, Schrëftsteller, Dramatiker, Dichter, Filmproduzent, Filmediteur, Historiker, Biograph, Theaterschauspiller
Member vun American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences

De Mailer ass zu Brooklyn, New York als Jong vun enger jiddescher Famill opgewuess, an huet dunn Aeronautik op der Harvard Universitéit studéiert. 1948 huet en de Krichsroman The Naked and the Dead (Déi Plakeg an déi Doudeg) geschriwwen, deen op sengen Erliefnesser als Marinn-Zaldot am Pazifik an der Zäit vum Zweete Weltkrich baséiert. Dëse Roman gouf 1998 an d'Lëscht vun den 100 beschte Romaner an englescher Sprooch vum 20. Joerhonnert vun der American Modern Library opgeholl.

1969 krut de Mailer den National Book Award an de Pulitzer Prize an der Kategorie Sachbuch fir Armies of the Night. 1980 krut hien de Pulitzer Prize eng zweet Kéier fir The Executioner's Song, dat iwwer deen zum Doud verurteelte Gary Gilmore geet.

Um Spaweck änneren