Noféierung (Astronomie)

D'Noféierung ass an der Astronomie den Ausgläich vun der Äerddréiung wärend der Observatioun oder dem Fotograféieren vun astronomeschen Objeten mat engem Teleskop. D'Noféierung selwer ass en Deel vun der Montéierung. Mat der Noféierung gëtt erreecht, datt en astronomeschen Objet iwwer laang Zäit observéiert ka ginn. Ouni Noféierung géif z. B. e Stär bei grousser Vergréisserung séier aus dem Bléckfeld vum Okular verschwannen. Beim Fotograféiere vu liichtschwaachen Objete muss mat laange Beliichtungszäite geschafft ginn. Dobäi ass dann eng Noféierung onbedéngt néideg. Si geschitt an der Amateurastronomie entweeder iwwer d'Haaptinstrument mat engem Off-Axis-Guider oder duerch e Leetteleskop.

Parallaktesch Montéierung vun engem Amateur-Teleskop

D'Noféierung ka mat der Hand oder motoresch geschéien. Déi motoresch Noféierung ka ganz genee sinn, huet awer e groussen techneschen Opwand. D'Qualitéit vun der Noféierung ka weider duerch eng automatesch Iwwerwaachung vun der Noféierungsbeweegung erhéicht ginn.

Observéierend Noféierung änneren

Parallaktesch Montéierung änneren

Bei der parallaktescher Montéierung gëtt de Leetstär mat engem Fuedemkräizokular observéiert. Ee vun de béide Fiedem gëtt dozou an der Rektaszensiounsachs vun der Montéierung ausgeriicht. Duerch bestännegt Dréinen un der Rektaszensiounsachs gëtt de Stär am Fuedemkräiz gehalen. Wann d'Montéierung net perfekt ausgeriicht ass, sou muss tëschenduerch och d'Deklinatiounsachs gedréint ginn.

Azimutal Montéierung änneren

Bei enger azimutaler Montéierung musse béid Achse stänneg nogefouert ginn. Dat ka bei enger Goto-Montéierung och automatesch geschéien. Bei der Noféierung vun Objete mat enger Dobson-Montéierung schwätzt ee vum Schubsen, well sou laang observéiert gëtt, bis den Objet drop an drun ass aus dem Siichtfeld ze verschwannen. Kuerz virdru gëtt déi extreem liichtleefeg Montéierung mat engem liichte Schubs grad sou wäit beweegt, datt den Objet nees um anere Bildrand ass. Mat där Aart vun Noféierung sinn nëmme ganz kuerz beliicht Fotoe vun z. B. der Sonn oder vun helle Planéite méiglech.

Barndoor änneren

D'Barndoor-Montéierung[1] (vum engl. Scheierdier) ass déi simpelst Form vun der parallaktescher Montéierung. Si besteet am einfachste Fall aus zwee Holzbrieder, déi deckungsgläich op engem Enn mat enger Jarnéier verbonne ginn. Um aneren Enn gëtt eng Gewënnstaang am Radius vun de Brieder sou gebéit ugemaach, datt en Dréie vum Gewënn déi béid Brieder vuneneen distanzéiert. Gëtt d'Jarnéierachs op den Himmelspol ausgeriicht, ka jee no Längt vun der Gewënnstaang iwwer ee bestëmmten Zäitraum de Laf vun de Stäre suivéiert ginn. Fir de ganzen Himmel mat dem Instrument unzeviséieren, ass um ieweschte Briet e Stativkapp, am beschten e Kugelgelenkkapp montéiert. Do gëtt e liichten Teleskop oder e Fotoapparat festgemaach. D'Barndoor-Montéierung ka souguer motoresch ugedriwwe ginn.[2]

Hallefautomatesch Noféierung änneren

Eng hallefautomatesch Noféierung ass nëmmen un enger parallaktescher Montéierung sënnvoll. Eng Ausnam ass d'Polhéichtewéi; mat hir kann eng azimutal Montéierung sou gekippt ginn, datt quasi eng parallaktesch Montéierung entsteet. Et kann e Motor drun ugeschloss sinn, respektiv d'Montéierung gëtt un e Motor ugekuppelt dee permanent dréint. De Motor dreift dann d'Rektaszensiounsachs un. Et gëtt nees mat engem Fuedekräizokular gekuckt. Elo mussen allerdéngs nëmmen nach d'Feeler op der Deklinatiounsachs ausgeglach ginn. Ass och op der Deklinatiounsachs e Stellmotor montéiert, gëtt mat niddreger Vitess korrigéiert, fir eng Beweegung iwwer d'Zil eraus, ze verhënneren. Wa keng Ännerung vun der Motorvitess méiglech ass, da kann iwwer d'Deklinatiounsachs nees nëmme mat der Hand korrigéiert ginn. Meeschtens si souwisou nëmme Korrekturen op dëser Achs noutwendeg, well d'Motorvitess op der Rektaszensiounsachs prezis genuch ass.

Am einfachste Fall erfollegt d'hallefautomatesch Noféierung mat engem mechaneschen Auerwierk, dat sou gebaut ass, datt et de Stärendag ausgläicht. D'Purus-Auerrwierknoféierung[3] ass e Beispill dofir.

En elektresche Schrëttmotor oder Servomotor (seelen och e Synchronmotor) kann d'Montéierung mat héijer Genauegkeet noféieren. Hei gëtt normalerweis e Quarzauerwierk gebraucht, dat sekonnegenee Resultater liwwert. Gouf d'Montéierung agescheinert, sou léisst sech en astronomescht Objet iwwer e laangen Zäitraum ewech observéieren.

Grenze vun der hallefautomatescher Noféierung änneren

Der Prezisioun sinn, op Grond vu Bautoleranzen a Spill an der Mechanik, Grenze gesat. Sou pendele Stären z. B. stänneg, dacks iwwer en Zäitraum vun 8 Minutten, hin an hier. Dat ass de periodesche Spëndelfeeler. Bei ville Montéierungen ass en Zännkranz ëm d'Achsen, an deem eng Spëndel sëtzt. Een Ëmlaf vun dëser Spëndel mécht dee selwechte Feeler. Hie kann duerch en Training vun der Montéierungssteierung, der soug. PEC-Korrektur ausgeglach ginn.

D'Spill vun den Zänn ënnnerenee verkierzt de Gläichlaf vun der Montéierung ëm bis zu enger Minutt (engl. Backlash)[4]; eréischt wann d'Spill vun allen Zännrieder iwwerwonnen ass, dréit sech d'Montéierung gläichméisseg.

Vollautomatesch Noféierung änneren

 
Leetteleskop (lénks) mat Noféiersteierung iwwer e Computer

Muss ganz genee nogefouert ginn, dann gëtt et nach d'Method Stärebeweegunge vun engem Computer ausgläichen ze loossen. Dozou gëtt eng Videokamera amplaz vum Fuedekräizokular gebraucht. Dës Kamera gëtt un e Computer ugeschloss an e Programm wäert d'Biller vun der Kamera aus a sent Steiersignaler fir d'Korrektur un d'Noféierung vun der Montéierung zeréck. Dëst kann entweeder direkt iwwer eng zweet Leitung vum Computer un d'Montéierung geschéien oder indirekt, wéi am Bild; An dësem Fall empfängt d'Kamera (blo) am Leetrouer och d'Steiersignaler vum Computer a sent dës weider un d'Montéierung iwwer een do festgemaachte, zweete Kabel (hei schwaarz). D'Kamera um Leetrouer muss awer op d'mannst ee Stär opfaasse kënnen. De Benotzer wielt de (een) Stär aus, d'Programm préift fir d'éischt d'Ausriichtung vun der Kamera an iwwerwaacht uschléissend d'Positioun vum Stär. Wandert dësen aus senger Urspronkspositioun, sent de Programm sou laang Korrekturbefeeler un d'Montéierung, bis de Stär nees an der Ausgangspositioun ass. Déi zweet Kamera (am Bild riets), déi déi eigentlech Fotoe mécht, beliicht elo ëmmer de selwechten Himmelsausschnëtt an déi doran uwiesend Objete bleiwen onverréckelt a gesinn op de Fotoen "gestache schaarf" aus.

Dës Method ass bei parallaktesche Montéierungen och iwwer Stonnen ewech prezis, nëmme beim Iwwerschreide vum Meridian ergëtt sech den Nodeel vum Equatorsystem an d'Noféierung muss ënnerbrach ginn.

Bei der azimutaler Montéierung ergëtt sech bei laanger Observatioun de Problem vun der Bildfelddréiung. All Himmelsobjete dréine sech vun Ost no West an änneren dobäi hire Wénkel. Zwéi Stäre ginn am Osten z. B. noeneen op a stinn héich iwwereneen, op hirem héchste Punkt am Süde si se awer schonn niefteneen a beim Ënnergank am Westen ass deen éischten ieweschte Stär elo ënnen. Gëtt elo mat enger azimutaler Montéierung eng laang beliichte Astrofotografie gemaach, sou si schonn no wéinege Minutte Stären um Bildrand zu Strécher verzunn. Fir dëst z'iwwergoen, kann een eng Polhéichtewéi asetzen a bei groussen Teleskopen ass virun der Kamera e weidere Motor, déi d'Kamera géint d'Bildfelddréiung dréit.

Noféiervitessen änneren

Bei enger automatescher, parallaktescher Noféierung léisst sech bal ëmmer och d'Vitess vum Deklinatiounsmotor astellen op:

  • Sideresch ass fir d'Noféierung vu Stäre geduecht,
  • lunar ass fir d'Observatioun vum Mound gëeegent; dëse wandert visuell "hannerzeg" iwwer de Stärenhimmel. An 28 Deeg ëm 360°. Dat bedeit, datt hie sech pro Minutt schonn iwwer 32 Bousekonne beweegt, wat bei siderescher Vitess schonn eng siichtbar Beweegung ausmaache kann.
  • Solar: Och d'Sonn huet eng – wann och zimmlech kleng – Eegebeweegung. Bei laange Sonnenobservatioune mat Billerserien iwwer e ganzen Dag ewech, wier awer och do eng Verrécklung ze gesinn, déi sech iwwer d'Astellung "solar Vitess" ausgläiche léisst.

Fir Koméite muss eng Computersteierung béid Achse beweege kënnen, well sech déi weeder mat de Stären nach an deenen hir Richtung beweegen. Fir aner beweegt Objete wéi zum Beispill Satellitten ass meeschtens eng speziell Noféierung noutwendeg, well si sech meeschtens mat ze héijer Vitess beweegen, soudatt eng normal Noféierung net nokomme kann.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. http://www.tfrank.de/astro.htm
  2. http://www.a2p.at/Astronomie/barndoor.html
  3. Archive copy Archivéiert op 2012-04-16. Gekuckt de(n) 2012-05-03.
  4. Archive copy Archivéiert op 2009-04-26. Gekuckt de(n) 2012-05-03.