E Stärendag ass den Zäitraum tëscht zwou ieweschte Kulminatioune vum Fréijoerspunkt, verursaacht duerch d'Eegendréiung vun der Äerd. De Stärendag ass d'Basis vun der sougenannter Stärenzäit, enger an der Astronomie an an der Geodesie benotzter Zäitskala.

An SI-Eenheete gemooss dauert e mëttlere Stärendag 86.164,091 Sekonne respektiv 23,9344697 Stonnen oder 23 Stonnen, 56 Minutten, 4,091 Sekonnen an ass domat ëm ronn 1/365 méi kuerz wéi e biergerlechen Dag (deen als Joresmëttelwert d'Sonnendeeg dem normalen Kalennerdag zugronn geluecht gëtt).

An den astronomesche Joerbicher ginn d'Stäreplaze meeschtens fir den Zäitpunkt vun der Kulminatioun zu Greenwich tabuléiert. Domat ass den Tafelintervall eng ganz Zuel vu Stärendeeg. Fir Feeler bei der Interpolatioun ofzewieren, gëtt d'Argument dacks net a Stonnen, mä an Dagesbrochdeeler uginn.

Numm änneren

Trotz sengem Numm bezitt sech de Stärendag net op d'Stären, mä op de Fréijoerspunkt, dee sech duerch d'Prezessioun vun der Äerd lues par rapport zu de Fixstäre verréckelt.

Allgemeng gëtt an der Astronomie „op de Fréijoerspunkt bezunn“ d'Wuert „tropesch“ benotzt; dofir heescht déi dem Stärendag entspriechend järlech Period, verursaacht duerch den Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn, tropescht Joer. Wärend een allerdéngs vun tropeschem Joer an tropeschem Mount schwätzt, ass d'Bezeechnung tropeschen Dag amplaz vu Stäendag net gebräichlech, obschonn et logesch a konsequent wier.

Ënnerscheed zum Sidereschen Dag änneren

Am Ënnerscheed zum Stärendag bezitt sech e sidereschen Dag tatsächlech op de Stärenhimmel als Hannergrond (kuckt och Sideresch Period). Si beschreift d'Zäitspan tëscht zwou ieweschte Kulminatioune vun engem (vu senger Eegebeweegung geléistem) distanzéierte Stär. E sidereschen Dag dauert ongeféier 0,008 Sekonne méi laang wéi e Stärendag.

Den Numm an der engleschsproocheger Literatur ass genee ëmgedréit wéi am Däitschen: do heescht de Stärendag sidereal day an de sidereschen Dag stellar day (!).

Stärendag an Äerdrotatioun änneren

An der astronomescher Praxis gëtt dacks – a vereinfachter Berechnung vun de Koordinaten vun observéierten Himmelskierper – d'Dauer vum mëttleren Stärendag och als (ongeféier) Rotatiounsdauer vun der Äerdëmdréiung bezeechent, obschonn d'Dauer vum mëttlere sidereschen Dag méi no um Fundamentalsystem vun der Astronomie gemooss wier. Well awer d'Vitess vun der Äerdrotatioun net konstant ass, hunn déi aktuell Zäitspanen souwuel vun engem sidereschen Dag wéi vun engem Stärendag liicht Variatiounen, déi sech am Beräich vun e puer Millisekonne beweegen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie