Nikolai Dmitrijewitsch Selinski

russesche Cheemiker
(Virugeleet vu(n) Nikolai Selinski)

Den Nikolai Dmitrijewitsch Selinski (op kyrillesch: Никола́й Дми́триевич Зели́нский), gebuer de 6. Februar 1861 zu Tiraspol am deemolege Fürstentum Moldawien a gestuerwen den 31. Juli 1953 zu Moskau, war e russesche Chimist. Zanter 1929 war hie Member vun der russescher Wëssenschaftsakademie.

Nikolai Dmitrijewitsch Selinski
Gebuer 25. Januar 1861 jul.
Gestuerwen 31. Juli 1953
Moskau
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetunioun, Sowjetrussland
Educatioun Universitéit Göttingen,
Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Chimist, Universitéitsprofesser, Erfinder
Member vun Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS

De Selinski huet zu Odessa studéiert, duerno ass hien op d'Universitéit vu Leipzig an op d'Universitéit vu Göttingen gaangen. Mam Viktor Meyer huet hien zu Noworossisk promovéiert (1891). Duerno war hie bis zu senger Pensioun Professer op der Universitéit vu Moskau.

Wëssenschaftlech Aarbecht änneren

De Selinski huet wichteg Aarbechten am Beräich vun der organescher Katalys geleescht. Hie gëllt als den Erfinder vun der Gasmask (1915) mat Aktivkuelefileter.

An Zesummenaarbecht mam Alexei Balandin huet de Selinski och an der Petrochimie gefuerscht. Do huet hien eng katalytesch "Neibildung" vun Alkanen a Cycloalkanen zu aromatesche Kuelewaasserstoffer duerch Dehydrogenéierung entwéckelt.

Éierungen änneren

De Moundkrater Zelinskiy dréit säin Numm.

Hie krut 1940, 1945 an 1946 de Leninuerden. 1942, 1946 an 1948 gouf hie mam Stalinpräis ausgezeechent.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nikolai Dmitrijewitsch Selinski – Biller, Videoen oder Audiodateien