D'Nike Tomahawk ass eng amerikanesch Héichtefuerschungsrakéit, déi aus enger Startstuf vum Typ Nike an enger Tomahawk-Uewerstuf besteet. Si gehéiert domat zu der Grupp vun de Stuferakéiten.

D'Héichtefuerschungsrakéit Nike Tomahawk

Technesch Daten änneren

D'Nike Tomahawk konnt op eng maximal Héicht vun 370 Kilometer geschoss ginn, an hat eng Notzlaascht vu 45 kg, e Startschub vun 217 kN, eng Startmass vun 990 kg, en Duerchmiesser vun 0,42 m an eng Längt vun 10,80 m. Tëscht dem 25. Juni 1963 an dem 27. November 1995 gouf d'Nike Tomahawk 395-mol gestart.

Um Spaweck änneren