Nigel de Jong
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Den Nigel de Jong, gebuer den 30. November 1984 zu Amsterdam), ass en hollännesche Foussballspiller, deen am defensive Mëttelfeld agesat gëtt. Zanter August 2012 steet hie beim AC Mailand ënner Vertrag.
Nigel de Jong | ||
Nigel de Jong | ||
Spillerinformatiounen | ||
---|---|---|
Vollen Numm | Nigel de Jong | |
Gebuertsdag | 30. November 1984 | |
Gebuertsplaz | Amsterdam, Holland | |
Gréisst | 174 cm | |
Positioun | Zenter | |
Veräiner an der Jugend | ||
1993-2002 | Ajax Amsterdam | |
Veräiner als Aktiven1 | ||
Joer | Veräin | Matcher (Goler) |
2002–2006 2006-2009 2009-2012 2012- |
Ajax Amsterdam Hamburger SV Manchester City AC Mailand |
96 (8) 66 (2) 104 (1) 45 (3) |
Nationalekipp2 | ||
2004- | Holland | 69 (1) |
1 Nëmme Liga-Matcher. |
Hien ass de Jong vun Jerry de Jong, deen och Profifoussballer war.
Karriär
ännerenDen de Jong, dee seng ganz Jugend bei Ajax Amsterdam gespillt huet, hat säi Profidebut den 19. Oktober 2002 am Match géint AZ Alkmaar. Säin Debut fir di Hollännesch Foussballnationalekipp hat hien den 31. Mäerz 2004 géint Frankräich.
Am Januar 2006 ass de Jong bei den HSV gewiesselt. Den HSV huet fir hien 1,5 Milliounen Euro bezuelt.
No dräi Joer zu Hamburg ass den Nigel de Jong an der Wanterpaus vun der Saison 2008/09 bei den englesche Premier League-Club Manchester City gewiesselt.[1] Mat 19 Milliounen Euro ass den de Jong dee bis elo deierste Spiller, deen den HSV verkaaft huet.
Den 31. August 2012 ass den de Jong fir 5 Milliounen Euro bei den AC Mailand an der Serie A gewiesselt.[2]
Erfolleger
änneren- 2004 Hollännesche Meeschter
- 2005 Hollännesche Supercup-Gewënner
- 2007 UI-Cup-Gewënner mam Hamburger SV
- 2011 Englesch Coupe mat Manchester City
- 2012 Englesche Meeschter mat Manchester City
Um Spaweck
ännerenCommons: Nigel de Jong – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Nigel de Jong Datebank vun Soccerbase