Nicolas Welsch
Den Nicolas Welsch, gebuer de 6. Juni 1952, ass e lëtzebuergeschen Elektro- a Maschinnebauingenieur.
Nicolas Welsch | |
---|---|
Gebuer | 6. Juni 1952 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, Universitéit vu Léck, Fernuniversität Hagen |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hien Ingenieur op der Universitéit vu Léck studéiert an e Fernstudium an der Economie op der Universitéit vun Hagen gemaach[1].
De Welsch war vun 1976 bis 2006 Direkter bei der CFL an duerno Generaldirekter vun der Lorry-Rail-Gesellschaft.
Vun 2008 bis 2014 war hie President vum Verwaltungsrot vum Syndicat intercommunal à vocation multiple - SIAS a vun November 2011 bis November 2014 Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter[1]; virdru war hien och schonn am Gemengerot als DP-Politiker aktiv.
Zanter 2015 ass hie Consultant am Eisebunnsberäich[1].
Den Nicolas Welsch bedreift Karate-Sport. Zu Mamer, wou hie grouss gouf ass hie President an Trainer vum Karate-Club.
1996 war hien ee vun den Initiateure vum Projet Trains around the clock, bei deem Modellzich ëm den Tuerm vun der Stater Gare gedréint hunn.
En ass bestuet a wunnt mat senger Fra an hiren dräi Kanner zu Mënsbech.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenOffiziell Säit vun der Lorry-Rail
- ↑ 1,0 1,1 1,2 CV vum Nicolas Welsch op sengem Profil op linkedin.com, gekuckt den 1. Januar 2020