Nicolas Grang

lëtzebuergeschen Offizéier an der Belscher Arméi

Den Nicolas Grang, gebuer den 2. Januar 1854 zu Bëschrued[2], gestuerwen den 11. Abrëll 1883 zu Léopoldville, war e lëtzebuergeschen Offizéier an der belscher Arméi. Als Leitnant koum hien 1882 an de Kongo an huet ënner dem Henry Morton Stanley bei der Eruewerung vum Héije Kongo bäigedroen[3].

Nicolas Grang
Foto vum Läitnant Grang a Galauniform. Zirka 1879-1882
Gebuer 2. Januar 1854
Bëschrued
Gestuerwen 11. Abrëll 1883
Kinshasa
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Offizéier
Foto vum Leitnant Grang aus engem Buch vum Henry Morton Stanley[1]

Biographie änneren

Den Nicolas Grang ass den 2. Januar 1854 als eelste Fils vum Jean Grang a vun der Barbara Thibessart op d'Welt komm[4].

Säi Studium huet hien am Stater Kolléisch ugefaangen, ass awer, wéi munch Lëtzebuerger an där Zäit, 1876 an d'Belsch Arméi gaangen a war vun 1877 un op der Bréisseler Militärschoul. Zwee Joer drop war hie Leitnant vun der Belscher Arméi an huet bei de Bréisseler "Carabiniers" gedéngt.

Am Oktober 1881 gouf en op den Institut cartographique militaire detachéiert, 1882 gouf hie Member vum Comité d'études du Haut-Congo (CEHC).

Am Januar 1882 goung hien zu Antwerpen u Bord vun der Heron, engem klengen Dampschëff dat vum Comité gechartert gi war. Den 8. Mäerz koum hien am Kongo un an ass op Vivi[5] weidergereest, wou de Stanley säi Quartier général hat. Hie krut vum Stanley den Optrag, de Materialtransport tëscht der Küst an dem Stanley Pool z'organiséieren, den Ausgangspunkt vu villen Expeditiounen an den Héije Kongo.

D'Aarbecht vum jonken Offizéier war schwiereg a geféierlech. Ëmmer nees koum et zu Iwwerfäll vun den Einheimeschen an engem fir Europäer ongewinnten an onerträgleche Klima. Am August 1882 konnt hie sech fir d'éischt auszeechnen, wéi hien den Ugrëff[6] vun Autochthonen op d'Caravanne vum Dr Péchuel ofwiere konnt.

Den 2. September 1882 gouf de Grang zu Léopoldville vum Stanley zum Kommandant ernannt. Mat de Leitnante Valcke a Janssen huet de Grang zu deenen enkste Beroder vum Stanley gehéiert. De Stanley bezeechent de Grang als treien, intelligenten a couragéierte Matstreider.

Am Februar 1883 huet de Grang sech bei engem Stuerm sou ferm erkaalt, datt hie sech dovun net méi erholl huet, hien ass den 11. Abrëll 1883 am Alter vun nëmmen 29 Joer zu Kinshasa gestuerwen. De Stanley huet iwwer hie geschriwwen: "Dëse staarken an energesche jonke Mann, dee vu mengem intime Liewe gelieft huet wéi mer d'Dampschëff "Royal" vu Manyanga op Stanley Pool transportéiert hunn, feelt mer..."[7].

Hie gouf als éischten Europäer an als eenzege Lëtzebuerger um Kierfecht vun de Pionéier zu Léopoldville begruewen. Iwwer sengem Graf gouf en Eisekräiz opgeriicht, op deem de follgenden Text ze liesen ass:

Grang N.
S. lieutenant
F-P. Gr. Ducal
11. 4. 1883

Weider Informatiounen änneren

Den 29. Januar 1953 huet de Staatsminister Pierre Dupong bei senger Staatsvisitt Blummen um Graf vum Nic Grang néiergeluecht. 1956 gouf an der Géigend vum « Cimetière des pionniers » e Monument zu Éiere vum Stanley a sengen Truppen opgeriicht. Nieft dem Numm « Sr. Henry Morton Stanley » sinn d'Nimm vun allen 150 Begleeder op 8 Kofferplacken ze liesen. Den Numm vum Grang steet op der drëtter Plack.

No him genannt änneren

Zu Bëschrued gouf eng Strooss no him genannt, d'„Rue Nicolas-Grang“. An der Schoul zu Bëschrued houng eng Foto op där den Nic Grang an der Galauniform vun engem belsche Leitnant ze gesi war.

Am Kader vun den Debatte ronderëm d'Black Lives Matter-Beweegung an dem strukturelle Rassismus an der Gesellschaft, gëtt dem Grang säi Wierke mëttlerweil an engem neie Liicht gekuckt. De Gemengerot vu Wal huet doropshin am Juli 2020 decidéiert, déi fréier Rue Nicolas-Grang an „Um Schéckelt“ z'änneren[8],[9].

Literatur änneren

  • Hoffmann, Serge, 2001. Les Luxembourgeois au Congo belge. forum Nr. 208: 26-30. PDF
  • Christian Calmes 1986, Au fil de l'histoire VI, Imprimerie St Paul, S. 151-168.
  • Stanley, Henry Morton, 1885. The Congo and the founding of its free state: a story of work and exploration. Sampson Low, Marston, Searle & Rivington. [Beschreiwung vum Lieut. Grang op de Säiten 269-270[10]] Originaltext op archive.org

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Stanley 1885 an der Literatur.
  2. Säi Gebuertshaus läit op Nr. 3 Um Schéckelt (fréier: Rue Nicolas-Grang).
  3. Haaptquelle vun dësem Artikel: (a) cf. Hoffmann 2001 an der Literatur. (b) https://web.archive.org/web/20160304081208/http://www.wahl.lu/histoire/personli/grang.htm
  4. Hien hat nach e Brudder, de Michel Grang (1855) an eng Schwëster, Barbe Grang (1858).
  5. D'Uertschaft Vivi gouf de 26.September 1879 um rietsen Uwänner vum Kongo vis-à-vis vu Matadi ugeluecht a war déi éischt Haaptstad vum État indépendant du Congo vum 1. Juli 1885 bis den 1. Mee 1886.
  6. Déi "Einheimesch", déi "attackéiert" hunn, kéint ee grad sou gutt als "Resistenzler" beschreiwen, déi "friem a rücksichtlos Eruewerer heroesch bekämpfen"...
  7. Am Original: « Ce jeune homme fort, énergique, qui avait vécu de ma vie intime quand nous transportions le steamer « Royal » de Manyanga au Stanley Pool, me manque... »
  8. (Carlo Nilles) Rassismus-Debatte: Gemeinde Wahl tauft Rue Nicolas Grang um. wort.lu (11.07.2020). Gekuckt de(n) 11.07.2020.
  9. Alter Held in neuem Licht am Luxemburger Wort vum 11/12.Juli 2020, S. 44
  10. Hei den Text vum Henry Morton Stanley iwwer den Nic Grang: « Another estimable, honest soul was. Lieut. Grang. For fifty days he lived in the same camp with me, and during this period I had gathered, by the light such close intercourse with him had given me, that I could count a true man in him ; for every spring within his character was set moving by downright honesty - honest motives, and honest intentions. In all his composition there was not a grain's-weight but what was pur manliness. His frame was as grand and true as his nature. And yet, while I was only waiting for a few finishing touches to a steamer that was building in the port of Léopoldville, to take him with me - he was too trusty a man to be left behind when the Upper Congo was still vacant - he forgot something at a camp ten miles from Léopoldville. Travelling back in a pelting rain-storm which overtook him, he was wetted, and afterwards chilled for want of an immediate change of clothing. He fell ill, and daily grew worse, and the first grave at Léopoldville was dug to burry the remains of this noble man. »