Nico Hienckes

lëtzebuergesche Moler a Sculpteur
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Nico Hienckes, gebuer de 6. Dezember 1949 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 8. Oktober 2017[1],[2],[3], war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Nico Hienckes
Gebuer 6. Dezember 1949
Gestuerwen 8. Oktober 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Moler

No 38 Joer als Schoulmeeschter huet hien 2010 a senger Pensioun sech ganz der Konscht higinn. Zanter 1972 huet hie seng Rascht-Techniken ëmmer weider perfektionéiert. Duerch seng pedagogesch Fäegkeete konnt hien a ville Konschtcoursen a Konschtateliere seng Moltechniken u Schüler weiderginn. Hien huet och Konschtbicher mat DVDe verëffentlecht.

Hien hat säin Atelier an der aler Distillerie um Wuermer Bierg, déi hien "op der Wollek" genannt huet. Säi fréieren Atelier ass am Februar 2021 verbrannt[4].

Wierker änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Künstler Nico Hienckes verstorben. Der "Meister des Rosts" ist tot, wort.lu gelies den 10. 10. 2017
  2. Daniel Conrad, Abschied vom „Meister des Rostes“ Der Maler und Patina-Spezialist Nico Hienckes ist im Alter von 67 Jahren verstorben, Luxemburger Wort, 11.10.2017, S. 16
  3. Doudesannonce am LW vum 14./15. 10. 2017, S. 96.
  4. Oberwormeldingen: Atelier von Nico Hienckes ausgebrannt. Wort.lu (2021-02-10). Gekuckt de(n) 2021-02-10.
  5. OZ-Verlag, 2017
  6. OZ-Verlag, 2014