Nic Bodry

lëtzebuergesche Lokalpolitiker

Den Nicolas "Nic" Bodry, gebuer de 7. November 1905 zu Diddeleng an do den 13. Juli 1949 gestuerwen[1],[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (LSAP) a Gewerkschaftler (LAV).

Nic Bodry
Gebuer 7. November 1905
Diddeleng
Gestuerwen 13. Juli 1949
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Leeëndecker, Cafetier
Member vun US Diddeleng

Den Nic Bodry war Daachdeckermeeschter a Cafetier vu Beruff.[3] Hien ass am Abrëll 1948 an den Diddelenger Gemengerot fir de stënterlech verstuerwenen Eugène Conrad nogeréckelt.[1] Ma en déckt Joer méi spéit ass de Bodry selwer, am Alter vun 43 Joer, nach wärend sengem Mandat verscheet.

Hie war Comitésmember vun der US Diddeleng a vum Turnveräin Union, a war President vun der Museksgesellschaft Concordia.[1]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Diddeleng eng Strooss no him genannt.[4]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 Nicolas BODRY †. In: Escher Tageblatt, 1949. Jg., nº 164 (19.07.1949), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Den Nicolas Bodry op luxracines.lu
  3. Doudesannonce. In: Escher Tageblatt, 1949. Jg., nº 161 (15.07.1949), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. L-3426.