Ngozi Okonjo-Iweala

nigerianesch Ekonomistin

D'Ngozi Okonjo-Iweala, gebuer den 13. Juni 1954 zu Ogwashi-Uku, ass eng nigerianesch Ekonomistin, déi zënter Mäerz 2021 Generaldirektesch vun der Welthandelsorganisatioun ass. Si ass déi éischt Fra an déi éischt Persoun aus Afrika an där Funktioun.[1] Am Joer 2019 krut si och déi US-amerikanesch Nationalitéit.[2]

Ngozi Okonjo-Iweala
Gebuer 13. Juni 1954
Nationalitéit Nigeria
Educatioun Harvard Universitéit,
Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Diplomat, Ekonomist, Politiker, Minister
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Liewen a Karriär

änneren

D'Eltere vun der Ngozi Okonjo-Iweala waren allebéid Professeren.[3],[4] Hir Famill zielt zur Bevëlkerungsgrupp vun den Igbo. D'Ngozi Okonjo-Iweala huet op den US-amerikaneschen Universitéiten Harvard a Massachusetts Institute of Technology studéiert. Si huet tëscht 1982 an 2003 als Entwécklungsekonomistin bei der Weltbank geschafft, wou se zum Schluss Vizepresidentin a Sekretärin vum Weltbankgrupp war.[2]

Am Juli 2003 gouf si vum nigerianesche President Olusegun Obasanjo an d'Amt vun der Finanz- a Wirtschaftsministesch beruff. Déi Funktioun hat si bis am Juni 2006, éier si fir eng kuerz Period vun zwee Méint Ausseministesch war. Vum 1. Dezember 2007 un huet si dunn nees als Managing Director bei der Weltbank geschafft. An där Roll war si verantwortlech fir de Portfolio vun der Bank an Héicht vun 81 Milliarden US-Dollar an Afrika, Südasien, Europa an Zentralasien. Si stoung un der Spëtzt vun e puer Initiativen vun der Weltbank, déi akommesschwaach Länner wärend der Liewensmëttelkris 2008-2009 a spéider wärend der Finanzkris 2007-2008 ënnerstëtzt hunn. 2010 war si Presidentin vun den erfollegräiche Beméiung vun der Institution, for iwwer 49 Milliarden US-Dollar u Subsiden a Kreditter fir déi äermste Länner op der Welt zesummen ze kréien.[5]

2011 gouf si erëm, an der Regierung ënnert dem President Goodluck Jonathan, Finanzministesch vun Nigeria. Kuerz virun hirer Vereedegung huet WikiLeaks Dokumenter verëffentlecht, an deene steet datt si 2004 engem Brudder mam Numm Jon-Jon e Vertrag iwwer 50 Milliounen US-Dollar widderrechtlech hätt zoukomme gelooss. D'Ngozi Okonjo-Iweala huet déi Virwërf zréckgewisen an d'Existenz vun engem Brudder mam deem Numm bestridden.[6],[7] E Joer méi spéit gouf bekannt, datt si fir d'Nofolleg vum Weltbankpresident Robert Zoellick kandidéiert huet. Si konnt sech awer net géint den US-amerikanesche Gesondheetsexpert Jim Yong Kim duerchsetzen. Am Dezember 2012 hu Krimineller hir 83-järeg Mamm entfouert an no fënnef Deeg nees fräigelooss.[3],[8]

An hirer Roll als Ministesch huet d'Ngozi Okonjo-Iweala eng Rei Reformen an Nigeria duerchgesat, déi vun der Makroekonomie bis hin zu Handels-, Finanz- a Realsecteurfroe reechen. Si huet d'Verhandlunge geleet, déi derzou gefouert hunn, datt Nigeria 30 Milliarden US-Dollar Scholden erlooss goufen. Si huet och eng Rei Moossname geholl fir d'Transparenz vun de Regierungskonten ze erhéijen an déi national Institutioune géint Korruptioun ze stäerken.[9],[5] Hir Erfarungen huet si 2018 am Buch Fighting Corruption Is Dangerous: The Story Behind the Headlines ("Korruptioun bekämpfen ass geféierlech: D'Geschicht hannert de Schlagzeilen") néiergeschriwwen.[10]

Den nigerianesche President Muhammadu Buhari huet d'Ngozi Okonjo-Iweala 2020 als Generaldirektesch vun der Welthandelsorganisatioun nominéiert. Obwuel déi Kandidatur vu ville Länner aus alle Regiounen ënnerstëtzt gouf, gouf se vum US-amerikanesche President Donald Trump blockéiert, deen eng Preferenz fir déi südkoreanesch Kandidatin Yoo Myung-Hee hat. Mat der Ënnerstëtzung vum neie President Joe Biden am Februar 2021 konnt si sech schlussendlech eestëmmeg duerchsetzen, nodeems d'Yoo Myung-Hee hir Kandidatur zréckgezunn hat.

D'Ngozi Okonjo-Iweala huet hire Posten wärend enger schwéierer Kris bannent der Welthandelsorganisatioun iwwerholl, déi duerch Differenzen tëscht den USA, China an der EU ausgeléist gi war.[11][12] Hiert Mandat geet den 31. August 2025 op en Enn.[5]

Weideres

änneren

D'Ngozi Okonjo-Iweala ass mat engem nigerianeschen Neurochirurg bestuet an huet véier Kanner.[13]

Si souz an e puer Verwaltungsréit, dorënner deem vun Twitter, vun der Global Alliance for Vaccines and Immunization (GAVI), an vun der brittescher Bank Standard Chartered.[13]

2019 gouf si an d'American Academy of Arts and Sciences gewielt.[2]

Um Spaweck

änneren
Commons: Ngozi Okonjo-Iweala – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. forbes.com: Ngozi Okonjo-Iweala
  2. 2,0 2,1 2,2 britannica.com: Ngozi Okonjo-Iweala (gekuckt den 19. August 2024)
  3. 3,0 3,1 vanguardngr.com: How kidnappers got Okonjo-Iweala’s mother (11. Dezember 2012)
  4. premiumtimesng.com: Okonjo-Iweala’s father, Chukuka Okonjo, is dead vum Bassey Udo (13. September 2019)
  5. 5,0 5,1 5,2 refwto.org: WTO Director-General: Ngozi Okonjo-Iweala (gekuckt den 19. August 2024)
  6. taz.de: Wunderwaffe und Hoffnungsträgerin vum Katrin Gänsler (15. Februar 2021)
  7. vanguardngr.com: Okonjo-Iweala faults ‘WikiLeaks’ story vum Foluso Ajibulu (11. September 2011)
  8. bbc.com: Nigeria's Ngozi Okonjo-Iweala's mother freed by kidnappers (14. Dezember 2012)
  9. rockefellerfoundation.org: Ngozi Okonjo-Iweala
  10. thepoint.gm: Book Review: Fighting corruption is dangerous by Ngozi Okonjo-Iweala (22. November 2018)
  11. cbsnews.com: New World Trade Organization chief on reviving U.S. ties and addressing the COVID crisis vum Hailey Ott (12. Mäerz 2021)
  12. faz.net: Welthandelsorganisation steckt in einer tiefen Krise vum Johannes Ritter (3. Mäerz 2024)
  13. 13,0 13,1 bbc.com: Ngozi Okonjo-Iweala makes history at WTO vum Kunle Falayi (1. Mäerz 2021)