New Technology Telescope

Den New Technology Telescope oder NTT ass en Altazimut Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop mat engem 3,58-Meter-Spigel.

Den New Technology Telescope
Den NTT op La Silla lénks uewen
Den NTT mat oppener Kuppel

E gehéiert zum Europäesche Südobservatoire, an ass en Deel vum La-Silla-Observatoire am Chile a war e fréiere Pionéier vun der Technologie vun der adaptiver Optik. Am Joer 1989 hat d'Teleskop säi Betrib ugefaangen.

D'Teleskop an de Kuppeldesign goufen deemools mam Zil vun enger optimaler Bildqualitéit komplett nei konzipéiert. Hie steet op enger Héicht vun 2.375 m bei de Koordinaten 29° 15′ 32″ S, 70° 44′ 2″ W.

Eegenschaften änneren

Den Haaptspigel vum NTT ass flexibel a kann duerch Aktuatere wärend der Observatiounszäit aktiv a seng optimal geometresch Form bruecht ginn. De Sekundärspigel kann och aktiv an allen dräi Dimensioune gesteiert ginn. Dës vun der ESO entwéckelt Technologie gëtt an der Tëschenzäit un alle gréissere modernen Teleskope wéi beispillsweis dem Very Large Telescope an dem neien E-ELT benotzt.

D'oktogonalt Design vun der Kuppel vum NTT ass eng weider technologesch Entwécklung. D'Kuppel ass engersäits relativ kleng, anerersäits gëtt duerch d'Klappeventilatiounssystem e gläichméissege Loftstroum laanscht de Spigel mat signifikant erofgesater Turbulenz gebilt, wat zu enger däitlech besserer Bildqualitéit féiert.

Obwuel dës Technologie an aneren Teleskope wéi beispillsweis dem Nordic Optical Telescope och scho fréier verbaut gouf, war et den NTT, bei där déi adaptiv Optik fir d'Éischt zum vollen Asaz koum.

Vill revolutionär Eegenschafte koumen zum Asaz beim Teleskop. Eng extra Opmierksamkeet gouf der Loftstréimung um Spigel zougedeelt, engersäits wéinst dem optiméierte Lëftungssystem, anerersäits wéinst der Reduktioun vun Hëtztquellen an der Géigend vum Spigel. Fir d'Qualitéit ze verbesseren goufen och no sengem Bau en ettlech Weiderentwécklunge souwuel fir d'Hard- wéi och fir d'Software vum NTT probéiert a verbaut, an hu sech spéider och nees um Very Large Telescope erëmfonnt.

Den New Technology Telescope hat ufanks de selwechte Problem wéi den Hubble Space Telescope mat engem schlecht kalibréierte Spigel. Beim NTT konnt awer eleng duerch déi adaptiv Optik de Feeler behuewe ginn.

Instrumenter änneren

Zäitraffer Sequenz vun enger Fëschafoto an der NTT-Kuppel.

Am Ament ass den NTT mat zwee Instrumenter ausgerëscht:

Entdeckungen änneren

Den NTT a seng Instrumenter ware bei astrophysikalesch wichtegen Entdeckunge bedeelegt wéi bei der Opléisung vum galakteschen Zentrum, éischt Observatioune vu sonnenänlechen Oszillatioune bei engem Stär an dem Brieche vun en ettlechen Distanzrekorder bei Entdeckunge vu Galaxien déi wäit ewech leien.

Et huet matgehollef bei der Entdeckung vun enger Scheif ëm e masseräiche jonke Stär, wouduerch d'Rätsel vun der Stäregenesis bei masseräiche Stäre geklärt gouf an et hat bei bedeitenden Observatiounsresultate matgehollef bei der Klärung vun der Fro, wéi Asteroiden duerch de Sonnenwand verännert ginn.

Bedeitend sinn och d'Observatiounen zu den Orbits vun de Stären ëm dat galaktescht Zentrum, déi matgehollef haten, d'Mass an de Radius vum supermassive Schwaarze Lach vun eiser Mëllechstrooss ze bestëmmen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: New Technology Telescope – Biller, Videoen oder Audiodateien