Neison (Moundkrater)
Moundkrater
Den Neison ass en Aschlagkrater um nordëstleche Rand vun der viischter Äerdmoundsäit. Hie läit südëstlech vum Krater Meton a westlech vum Arnold.
Koordinaten | 68°12'36"N, 25°1'12"O |
---|---|
Duerchmiesser | 51 km |
Déift | 1.600 m |
Selenographesch Längt | 338° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Edmund Neison |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ01 |
Neison | Breedegrad | Längegrad | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
A | 67,36° N | 26,67° O | 8,93 km |
B | 67,37° N | 25,74° O | 8,12 km |
C | 66,92° N | 22,96° O | 9,75 km |
D | 67,91° N | 22,46° O | 5,36 km |
De Krater krut 1935 vun der IAU offiziell den Numm vum britteschen Astronom a Selenograph Edmund Neison (eigentlech Edmund Neville Nevill).