Nationalstrooss 882 (Belsch)

D'Nationalstrooss 882 ass eng belsch Nationalstrooss an der Provënz Lëtzebuerg a Wallounien.

D'Strooss huet hiren Ufank zu Arel um Rond-point vun der N4 am Quartier Callemeyn a féiert vun do iwwer Fruessem laanscht Bunnert a Giisch op déi lëtzebuergesch Grenz zu Uewerpallen wou se Uschloss un déi lëtzebuergesch N22 huet. S'ass 4,9 km laang.

Fréier Situatioun änneren

Ier de Contournement zu Fruessem gebaut war, hat N882 hiren Ufank bei der Maartplaz zu Arel an der Dikrecher Strooss. Den ënneschten Deel vun der Dikrecher Strooss vun ënner der Bréck vun der N4, laanscht den Areler Kierfecht bis op den Uschloss mat der Réidenerstrooss gëtt duerfir och nach als N882 gefouert.

  Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch