Nationalreservat Los Flamencos

D'Nationalreservat Los Flamencos (es.: Reserva nacional Los Flamencos) besteet aus enger Grupp vun Naturreservaten an der Gemeng San Pedro de Atacama an Nord-Chile. Dobäi handelt et sech ëm wichteg Landschaften a Biotope an der Atacamawüst. Si si fir nohaltegen Tourismus zougänglech, iwwerdeems s'ënner Naturschutz stinn.

Los Flamencos gehéiert zum "nationale System vun de staatlech geschützte Wëllflächen" (spuen. Sistema Nacional de Áreas Silvestres Protegidas por el Estado) a gëtt vun der chileenescher Bëschverwaltung Corporación Nacional Forestal (CONAF) administréiert.

Déi siwen Zone vum Reservat, déi raimlech vunenee getrennt sinn, hunn zesummen eng Surface vu 709 km2, wat 3 % vun der Gemeng San Pedro de Atacama ausmécht. Si bestinn aus regional typesche Wüstelandschaften a Fiichtbiotope mat enger interessanter Flora a Fauna. Am Reservat goufen 112 verschidden Aarte vu Vullen, Reptilien, Amphibien a Mamendéiere gezielt, dorënner 3 Flamingo-Aarten, déi dem Reservat säin Numm ginn hunn.

Zone vum Reservat änneren


Reserva nacional Los Flamencos
 
Bild Numm
(Koordinaten)
Fläch
km2
Remarken
Valle de la Luna
NS=22/54/40/S, EW=68/19/23/W
54,72
  • dréchene Salar mat schéine Salzformatiounen
  • Monumento Nacional
Soncor
NS=23/18//S, EW=68/10//W
50,46
  • Deel vun engem méi grousse Ramsar-Fiichtgebitt am Salar de Atacama
  • hypersalin Dëmpelen: Laguna Chaxa, Laguna Puilar, Laguna Barros Negros, Río Burro Muerto
  • wichtegste Bruttterritoire vum Andenflamingo
Bosque de Tambillo>
NS=23/6//S, EW=68/6//W
60,13
  • Tamarugo-Bësch bei Tambillo um Bord vum Salar de Atacama
Aguas de Quellana
NS=23/28/0/S, EW=68/6/0/W
41,38
  • Fiichtgebiit am Salar de Atacama mat engem Waasserspijel, dee saisonal staark variéiert
  • Laguna Burro Muerto
Salar de Tara – Aguas Calientes I
NS=23/0//S, EW=67/18//W
340,39
Salar de Pujsa
NS=23/11//S, EW=67/32//W
Miscanti – Miñiques
NS=23/44//S, EW=67/46//W
109,14 zwéi Salzséien:

Um Spaweck änneren

Commons: Los Flamencos Nature Reserve – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren