Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'natierlech Theologie ass en Deel vun der Theologie, besonnesch, awer net nëmmen, vun där chrëschtlecher. Si baséiert sech net op eng iwwernatierlech Revelatioun vun engem Gott, mä op eng Revelatioun an der Natur, d. h. eng déi duerch d'Vernonft vum Mënsch erfuerbar an erfuerschbar ass (kuckt och Metaphysik).

Usätz vun natierlecher Theologie gouf et schonn an der anticker griichescher Philosophie, besonnesch beim Platon a beim Aristoteles. Hiren Héichpunkt hat se wärend der Scholastik, ë. a. beim Thomas vun Aquin.