Naonobu (Moundkrater)

Moundkrater


Den Naonobu ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um ëstleche Rand vum Mare Fecunditatis, nordwestlech vum Krater Langrenus an nordëstlech vum Bilharz. De Krater ist normal erodéiert, an de Kraterrand huet bannenzeg eng konzentresch Struktur.

Naonobu
De Moundkrater Naonobu (lénks uewen) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 4°42'0"S, 57°55'48"O
Duerchmiesser 32,4 km
Déift 1.870 m[1]
Selenographesch Längt 302° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ21

De Krater gouf am Joer 1976 vun der I.A.U. nom japanesche Mathematiker Ajima Naonobu genannt, woubäi „Ajima“ de Familljennumm ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.