De SETI-Institut (SETI= Search for Extraterrestrial Intelligence) ass eng regierungsfräi Organisatioun ouni Gewënnzweck, déi sech mat der Sich no intelligentem ausserierdesche Liewe befaasst.[1] E gouf den 20. November 1984 als privat allgemeng nëtzlech Entreprise gegrënnt a gëtt vu ville Sponsoren ënnerstëtzt. Dozou gehéieren z. B. d'NASA, awer och Entreprisë wéi Hewlett Packard. Den Haaptsëtz ass zu Mountain View am Santa Clara County.

Zil vum SETI-Institut ass d'Fuerschen, d'Verstoen an d'Erkläre vum Urspronk vun der Natur a vum Liewen am Universum. Dofir gi Radioteleskope benotzt. Ufanks 2011 hat d'Institut aus Geldnout d'Fuerschung mam Allen Telescope Array missen ënnerbriechen.[2] Am November 2011 konnt d'Fuerschung mam ATA weiderfueren, nodeem eng weider Finanzéierung vu private Sponsoren a vum Air Force Space Command koum.[3],[4]

De SETI-Institut mécht beim Projet NEOShield mat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Frequently Asked Questions seti.org, ofgeruff den 12. Mäerz 2012
  2. Allen Telescope Array forced offline seti.org
  3. US-Militär sponsert Alien-Jäger spiegel.de
  4. The Allen Telescope Array: SETI's Next Big Step skyandtelescope.com, ofgeruff den 22. Februar 2012.