Nieuw-Vlaamse Alliantie

(Virugeleet vu(n) N-VA)
Logo Parteizentral
Koningsstraat 47/6
1000 Bréissel
Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 2001
Memberen: 41.176 (2014)[1]
Ideologie: Flammänneschen Nationalismus
Liberal-Konservatismus
Separatismus
Faarwen: Schwaarz a Giel
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Fräi Allianz
Websäit: www.n-va.be

D'Nieuw-Vlaamse Alliantie (kuerz: N-VA, hollännesch fir Nei-Flämesch Allianz) ass eng belsch flämesch-nationalistesch a liberal-konservativ politesch Partei. Si ass d'Partei mat de meeschte Sëtz an der belscher Chamber, am Belsche Senat an am Flämesche Parlament. (2016)

Hiert Zil ass et, eng friddlech a graduell Onofhängegkeet vu Flandern z'erreechen.

D'N-VA ass 2001 aus der Volksunie entstanen, enger flämescher Partei, déi sech an e sozial-liberale Volet (dee spéider an der Partei Groen opgaangen ass) an en national-konservative Volet (déi haiteg N-VA) gespléckt huet.

Parteipresidenten änneren

D'Presidenten ("Partijvoorzitter") vun der N-VA waren, resp. sinn:

Um Spaweck änneren

Commons: Nieuw-Vlaamse Alliantie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. De Redactie (online): Open VLD heeft de meeste leden en steekt CD&V voorbij (30. Oktober 2014)