Europäesch Fräi Allianz

Logo
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 9. Juli 1981
Parteizentral: Rue de la Pépinière 1,
1000 Bréissel
Belsch
Ausriichtung: Regionalismus, Separatismus/Autonomismus
Fraktioun (2016): Gréng-Europäesch Fräi Allianz
(7 Deputéiert)
Europäesch Konservativ a Reformisten
(4 Deputéiert)
Europäesch Vereent Lénk-Nordesch Gréng Lénk
(1 Deputéierten)
Faarf: Mof
Websäit: www.e-f-a.org

D'Europäesch Fräi Allianz (EFA; en.: European Free Alliance; fr.: Alliance libre européenne; de.: Europäische Freie Allianz) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si setzt sech aus ënnerschiddleche regionalistesche Parteien zesummen, déi sech entweeder fir eng voll politesch Onofhängegkeet asetzen oder eng aner Form vu Selbstverwaltung oder Lassléisung vun der zentraler Regierung fuerderen.

Schonn zënter de Walen 1979 sinn d'Regionalisten am Europäesche Parlament vertrueden. Deemools si véier Parteien agezunn: d'Schottesch Nationalpartei (SNP), d'Flammännesch Volleksunioun (VU), d'Bréisseler Demokratesch Front vun de Francophonen (FDF) an d'Südtirouler Vollekspartei (SVP).

1981 hu sech sechs Parteien an dräi Observateuren zesummegedo fir d'Europäesch Fräi Allianz ze forméieren.

2004 ass d'EFA eng formell politesch Partei op europäeschem Niveau ginn, mä hat just nach véier Députéiert. 2016 hat se 12 Deputéiert am Europäesche Parlament.

Um Spaweck änneren

Commons: Europäesch Fräi Allianz – Biller, Videoen oder Audiodateien