Logo Parteizentral
Sergeant De Bruynestraat 78-82
1070 Anderlecht
Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 1981: Agalev
2003: Groen
Memberen: 7.800 (2014)[1]
Ideologie: Gréng Politik
Faarwen: Gréng
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Gréng Partei
Websäit: www.groen.be

Groen (hollännesch fir Gréng) ass eng belsch gréng politesch Partei, déi a Flandern an an der Haaptstadregioun Bréissel aktiv ass. Hir frankophon Schwësterpartei ass Ecolo, mat där si enk zesummeschafft.

Groen ass dacks déi klengst flammännesch Partei, déi an de verschiddene Parlamenter vertrueden ass. Si ass 1981 vum Jesuitt Luc Versteylen mam Numm Agalev (Anders Gaan Leven) gegrënnt ginn. Dës Beweegung huet Ëmweltschutz mat Lénkskatholizismus verbonnen. Bei de Walen am selwechte Joer krut si direkt zwéi Sëtz an der belscher Chamber.

No engem schlechte Walresultat 2003 huet d'Partei hiren aktuellen Numm ugeholl.

Um Spaweck änneren

Commons: Groen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. De Redactie (online): Open VLD heeft de meeste leden en steekt CD&V voorbij (30. Oktober 2014)