De Museum aan de Stroom ("Musée um Floss"), kuerz MAS, ass ee Musée an der flämescher Hafestad Antwerpen. E steet um Eilandje, am fréieren Hafe vun der Schelde, an huet 2011 seng Dieren opgemaach. Am Gebai goufe verschidde Sammlungen zesummen ënnerbruecht, wéi déi vum Etnografisch Museum, vum Nationaal Scheepvaartmuseum, vum Volkskundemuseum an och Deeler vun de Sammlungen aus dem Museum Vleeshuis. Am ganzen huet de MAS e Fundus vun enger 470.000 Objeten.

Museum aan de Stroom
Land Belsch
Gemeng Antwerpen
Koordinaten 51°13'44,1149"N, 4°24'16,8012"O
Datum vum Bau 14. Mee 2011
Opgaangen 17. Mee 2011

Geschicht

änneren

1998 huet d'Stad Antwerpen decidéiert, en neie Musée bauen ze loossen, an deem thematesch d'Stad, den Hafe vun Antwerpen an d'Schëfffaart behandelt solle ginn. Als Standuert gouf d'Hanzestedenplaats erausgesicht, wou bis un d'Enn vum 19. Joerhonnert dat mëttelaterlecht Hanzehuis stoung, dat dunn ofgebrannt ass.

1999 gouf en internationalen Architekteconcours ausgeschriwwen, deen, ënner de 55 Entwërf, déi agereecht goufen, vun deem vum Willem Jan Neutelings a vum Michiel Riedijk (Neutelings Riedijk Architects, Rotterdam) gewonne gouf. 2006 gouf de Grondstee geluecht, an de 17. Mee 2011 gouf de MAS offiziell vum Kinnek Albert II. ageweit.

Architektur

änneren
 
Vue aus dem MAS op den Zentrum vun Antwerpen.

De MAS ass en 62 Meter héijen Tuerm, bei deem d'Muséesraim iwwer 10 Stäck a Containeren oder "Boxen" spiralfërmeg (all kéiers ëm 90 Grad gedréint), openeegetässelt sinn. D'Fräiraim dertëscht ginn als Gallerië genotzt; si si mat Fënstern aus gewelltem Glas ofgeschloss, duerch déi een all Kéiers eng aner Vue o d'Stad an den Hafe ronderëm huet. D'Fassad vum Gebai ass aus roudelzechem indesche Sandsteen a mat 3000 Hänn aus poléiertem Aluminium dekoréiert, eng Uspillung op d'Origine vum Numm "Antwerpen".

Um Spaweck

änneren
Commons: Museum aan de Stroom – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren