Joan Miró

spuenescher Moler, Graphiker, Sculptuer a Keramiker

De Joan Miró i Ferrà, gebuer den 20. Abrëll 1893 zu Barcelona, a gestuerwen de 25. Dezember 1983 zu Palma de Mallorca, war e spuenescher Moler, Graphiker, Sculptuer a Keramiker.

Joan Miró
Pseudonym Miro, Joan
Gebuer 20. Abrëll 1893
Barcelona
Gestuerwen 25. Dezember 1983
Palma de Mallorca
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Cercle artistique de Sant Lluc
Aktivitéit Moler, Keramiker, Sculpteur, Timberszeechner, Designer, Zeenograph, Graphiker, Textilkënschtlerin
Member vun Royal Academy, American Academy of Arts and Sciences
De Joan Miró (1935).

Dem Miró seng fréi Wierker bauen op der katalounescher Vollekskonscht op, a bauen op de Kubismus an de Fauvismus op. Déi éischt Hallschecht vun den 1920er Joren huet hien zu Paräis gelieft, a gouf do vum Dadaismus a Surrealismus inspiriéiert, sou datt seng Wierker ewell net méi figurativ waren.

Vun der Mëtt vun den 1950er Joren un huet hie sech méi mat Skulpture beschäftegt.

Säi Spéitwierk ass manner konsensuell; d'Serie Toiles brûlées z. B. war enginszeenéiert Zerstéierung, e Protest ggéint d'Kommerzialiséierung vun der Konscht an en Ausdrock vu senger Revendicatioun, d'"Molerei doutzemaachen".

1959 hat en zu New York am Museum of Modern Art eng grouss Retrospektiv. 1971 huet en d'Fundació Joan Miró zu Barcelona an d'Liewe geruff.

De Miró gehéiert zu de populäerste moderne Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Bekannt gouf en duerch seng symbolesch gebrauchten einfach Formen (Sonn, Stär, A, Schleek, Stréchmännchen, ...) a Faarwen.

Hien huet eng Hellewull vu Wierker geschaf, dorënner 2000 Uelegmolereien, 500 Skulpturen, 400 Keramiken an eng 5000 Collagen an Zeechnungen. Vu senge Graphiken (am Ganzen 3500 verschiddener, dorënner Lithographien a Radéierungen, goufen déi meescht a klengen Oploe gedréckt.

Bekannt Logoe vun him sinn dee fir Spuenien a fir La Caixa. Hien huet ë. a. och e grousse Wandrelief (Mound- a Sonnemauer) fir de Sëtz vun der UNESCO zu Paräis gemaach.

Auswiel vu Wierker änneren

Skulpturen änneren

Keramik änneren

Literatur änneren

Vum Miró
  • Joan Miró: Ceci est la couleur de mes rêves. Entretiens avec Georges Raillard. Paris 1977
  • Margit Rowell (Hrsg.): Joan Miró. Selected Writings and Interviews. Thames & Hudson, London 1987
  • Ernst Scheidegger (Hrsg.): Joan Miró. Gesammelte Schriften, Fotos, Zeichnungen, Zürich 1957
Biographien
Repertoirë vu Wierker
  • Joan Miró. Der Lithograph, 1930–1972. Vier Bände, hrsg. von Patrick Cramer. Edition Weber, Genf 1972–1982
  • Joan Miró. Arbeiten auf Papier, 1901–1977. Hrsg. von Carl Haenlein, Kestner-Gesellschaft, Hannover 1977
  • Obra de Jean Miró, Bestandskatalog der Fundació Miro mit 1679 Arbeiten, Barcelona 1988
  • Joan Miró. The Illustrated Books. Catalogue Raisonné, hrsg. von Patrick Cramer. Patrick Cramer, Genf 1989
  • Miró Radierungen, 1928–1975. Drei Bände, hrsg. von Jacques Dupin. Edition Weber, Genf 1984–1991
  • Joan Miró. Paintings. Catalogue Raisonné. Hrsg. von Jacques Dupin. Daniel Lelong, Paris 2002, ISBN 978-2-86882-049-5
  • Joan Miró. Sculptures. Catalogue Raisonné 1928–1982. Hrsg. von E. Fernando Miró, Daniel Lelong, Paris 2006, ISBN 978-2-86882-074-7
  • Joan Miró. Drawings. Catalogue Raisonné 1901–1937, Band I. Hrsg. von Jacques Dupin und Ariane Lelong-Mainaud. Daniel Lelong,‎ Paris 2008, ISBN 978-2-868-82084-6
  • Joan Miró, Josep Llorens Artigas. Ceramics. Catalogue raisonné 1941–1981, hrsg. von Cristina Calero Fernandez. Galerie Lelong and Successio Miró, Paris 2007, ISBN 978-2-86882-079-2

Um Spaweck änneren

Commons: Joan Miró – Biller, Videoen oder Audiodateien