Mumm Sweet Mumm

lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer

Mumm Sweet Mumm ass e lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer, deen den 20. Oktober 1989 seng Première hat.

Mumm Sweet Mumm
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1989
Première 20. Oktober 1989
Dauer 105 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Paul Scheuer
Georges Fautsch
Maisy Hausemer
(AFO-Film)
Musek Marcel Wengler
Eddy Gaddum
Carlo Hommel
Gast Waltzing
Jacques Wingert
Produzent Kulturministère
Unterrechtsministère
Schauspiller
David F. Quinlan als den Amerikaner
Conny Scheel den Avantgarderegisseur
Henri Losch als de klassesche Regisseur
Jeanne Ries als d'Studenteregisseurin
a weidere Rollen als Théateracteuren a Sänger:
Josiane Peiffer
Emely Cao
Susy Lentz
Roger Stahl
Paul Greisch
Klesey Kelly-Moog
Fernand Koenig
Venant Arend
Fernand Bock
Emely Cao
Carlo Hartmann
Änder Hirtt
Yannchen Hoffmann
Camille Kerger
Ionel Pantea
Robert Schilz
Jeff Speres
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den John E. Diderich, e räichen Amerikaner, reest op Lëtzebuerg fir endlech de Musical aus Clausen ze gesinn, aus deem seng Bomi him ëmmer Lidder gesongen huet, an an deem si als jonkt Meedchen d'Haaptroll gespillt hat.

Nodeems hien eng déck Zomm Sue sprange gelooss huet, ginn dräi verschidde Regisseure sech dru fir dat Stéck nei opzeféieren, et handelt sech heibäi ëm d'Mumm Séis vum Dicks.

Soss änneren

De Film ass eng Zort Brennglas vun der lëtzebuergescher Kulturszeen vum Enn vun den 1980er Joren; nieft der Hellewull vu Schauspiller a Museker, déi un den Inszenéierunge vun der Mumm Séis bedeelegt sinn, hunn och en ettlech aner Leit aus deem Milieu - Journalisten, Kulturbeamten, Regisseuren,... - Cameo-Optrëtter.

E gouf am Ganze vun 26.867 Leit gesinn.[1]

Wat sot d'Press? änneren

Viviane Thill, Forum:[2]

[L]e film est constamment drôle, débordant d'imagination. Sans être véritablement du cinéma pur et dur, ce n'est pas non plus le 'théâtre filmé' qu'on a trop souvent vu à Luxembourg [...] "Mumm, sweet Mumm" est un film enthousiasmant qui brosse le portrait légèrement ironique d'un milieu particulier en se moquant à l'occasion - gentiment, comme le fait toujours l'AFO - d'une mentalité assez typiquement luxembourgeoise. Le cinéma luxembourgeois n'est pas assez riche pour bouder ce film qui n'est peut-être pas le plus achevé mais certainement un des plus orginiaux et des plus divertissants de son histoire.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
  2. Forum N°115, Quand j'entends le mot culture... vum Viviane Thill, November 1989, Säit 24-25