Anwar as-Sadat

egyptesche Politiker
(Virugeleet vu(n) Muhammad Anwar as-Sadat)

De Muhammad Anwar as-Sadat, gebuer de 25. Dezember 1918 zu Tala Monufija a gestuerwen de 6. Oktober 1981 zu Kairo, war en egyptesche Politiker.

Anwar as-Sadat
Gebuer 25. Dezember 1918
Mit Abu al-Kum
Gestuerwen 6. Oktober 1981
Kairo
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Egypten
Educatioun Egyptesch Militärakademie
Aktivitéit Politiker, Offizéier, Staatsmann, Diplomat
Partei Nationaldemokratesch Partei, Arabesch Sozialistesch Unioun
Famill
Bestuet mat Jehan as-Sadat

Hien huet zu der Grupp vun Offizéier gehéiert déi 1952 de Kinnek Faruk I. vun Egypte gestierzt hunn. Ënner dem Nasser hat hie verschidden héich Regierungsplazen a gouf 1969 Vizepresident a schliisslech nom Doud vum Nasser 1970 deem säin Nofollger.

Hien ass ënner anerem doduerch bekannt ginn, datt hien 1978, zesumme mam Menachem Begin, de Friddensnobelpräis kritt huet, fir hir Efforte am Friddensprozess mat Israel.

Um Spaweck änneren

Commons: Anwar Sadat – Biller, Videoen oder Audiodateien