Mount Columbia (Kanada)

De Mount Columbia ass en 3 747 m héije Bierg an de Rocky Mountains, an der kanadescher Provënz Alberta. Et ass den héchste Bierg an Alberta an nom Mount Robson den zweethéchste Bierg an de kanadesche Rocky Mountains.

Bléck op de Bierg

En ass am Norde vum impressionante Columbia-Äisfeld am Jasper-Nationalpark, op der Grenz tëscht de Provënzen Alberta a British Columbia, d'Spëtzt läit an Alberta. De Mount Columbia ass nom Columbia River benannt. De Floss krut säin Numm vum Handelsschëff Columbia Rediviva, dat am 18. Joerhonnert duerch dee Floss geseegelt ass.

1902 waren den James Outram an de Christian Kaufmann déi Éischt, déi bis op d'Spëtzt geklomme sinn.

Um Spaweck änneren