Swirl (Trëndel) ass d'Bezeechnung fir ganz hell, wierbelfërmeg Albedoformatiounen op der Uewerfläch vum Äerdmound. Si hu kee Relief a si mat enger magnéitescher Anomalie verbonnen. D'Strukture si ganz rar a kënne bis elo nach net schlësseg erkläert ginn.

Swirl Reiner Gamma, Foto: Clementine
Mare Ingenii mat Swirl (Lunar Orbiter 2)

Beschreiwung änneren

Swirle gëtt et nëmmen um Äerdmound an do primär op der äerdofgedréiter Säit. Vun den am Ganzen nëmmen eelef Exemplaren ass de Reiner Gamma, op der viischter Moundsäit am Oceanus Procellarum de markantsten Objet,. Um Südwestrand vum Oceanus läit d'Rima-Sirsalis-Swirl.[1] Um südlechen Héichland vun der äerdnoer Säit leien den Airy-Swirl – tëscht dem Krater Airy an dem westlecheren Parrot C – souwéi den Descartesswirl um Nordrand vum Krater Descartes. Vun der Moundrécksäit gräift de Marginis-Swirl beim Krater Al-Biruni bis op dat nërdlecht Ëmfeld vum Krater Goddard iwwer. Déi weider speziell Plazen op der Récksäit sinn d'Mare Moscoviense, d'Mare Ingenii an déi véier Gebidder vun de Krater Firsov, Gerasimovich, van de Graaff an Hopmann.[2] D'Exemplare op dem hellere Moundhéichland, wéi de Marginis- a besonnesch den Descartes-Swirl, hiewen sech do manner gutt of, wéi déi, déi op den däischtere Marefläche leien.

Mat Ausnam vum Reiner Gamma leien all Swirls ëmmer géigeniwwer vun engem groussen Aschlagbecken. Doraus erkläert sech hiert Dominéieren op der Moundrécksäit, well déi grouss Mare-Becken nëmmen op der viischter Moundsäit virkommen. Dësen Opbau hat zu der Meenung gefouert, datt d'Swirls dat antipodescht Resultat vu Schockwellen duerch déi grouss Aschléi sinn.

Am Géigesaz zum Mound hunn d'Swirls en eegent Magnéitfeld. Dës magnéitesch Anomalien ginn als MAGCON bezeechent, dem Akronym fir Magnetic Concentration (kuckt och: Mascon). Si kéinten de Moundbuedem virun de geluedenen Deelercher vum Sonnewand ofschiermen an e séiert Nodonkelen vum Buedemmaterial verhënneren.

Déi Theorien, no där d'Swirls Reschter vun ageschloener Koméitekäre wären, kënnen net hir ongläichméisseg Verdeelung erklären. Zudeem konnte vun der Raumsond Messenger um Merkur keng änlech Strukturen entdeckt ginn, obwuel seng Bunn an der gréisserer Sonnennoperschaft méi dacks vu Koméite gekräizt gëtt.

Um Spaweck änneren

Commons: Swirls – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. David T. Blewett, et al.: Lunar swirls: Examining crustal magnetic anomalies and space weathering trends. (PDF)
  2. Timothy D. Glotch, et al.: Formation of lunar swirls by magnetic field standoff of the solar wind. (PDF)