Descartes (Moundkrater)
Den Descartes ass en Aschlagkrater op der viischter Äerdmoundsäit nordëstlech vum Krater Abulfeda a südwestlech vum Moundkrater Kant. De Rand vum staark erodéierte Krater ass nëmmen um südlechen Deel erhalen. Den Zentrum ass gebockelegt a huet konzentresch Strukturen.
Koordinaten | 11°44'24"S, 15°40'12"O |
---|---|
Duerchmiesser | 47,7 km |
Déift | 850 m |
Selenographesch Längt | 344° bei Sonnenopgank |
Genannt no | René Descartes |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ20 |
Ongeféier 85 Kilometer nërdlech vum Descarteszentrum läit d'Landeplaz vun Apollo 16 (8° 58′ 23″ S, 15° 30′ 1″ O ). D'Ëmgéigend vum Landegebitt gëtt inoffiziell och als Descartes-Héichland bezeechent.
E kreesfërmegt Gebitt mat héijer Albedo nërdlech vum Descartes, deem säin Duerchmiesser ongeféier duerch eng Linn tëscht de béide Krateren Dollond E an Descartes C duergestallt gëtt, gouf duerch Miessunge vum lunare Magnéitfeld vun der Raumsond Clementine als Moundwierbel identifizéiert.[1]
Descartes | Breetegrad | Längtegrad | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
A | -12,09° S | 15,18° O | 14,25 km |
C | -11,03° S | 16,27° O | 4,33 km |
De Krater gouf 1935 vun der IAU nom franséische Philosoph a Mathematiker René Descartes genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Descartes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ „A New Swirl“ – LPOD-Artikel