Motor-Union du Grand-Duché de Luxembourg
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Motor-Union du Grand-Duché de Luxembourg, och alt méi kuerz Motor-Union Luxembourg (MUL), ass den nationale Verband vun de Motorsportveräiner zu Lëtzebuerg.
Motor-Union du Grand-Duché de Luxembourg | |
---|---|
Ofkierzung | MUL |
Grënnungsdatum |
05.05.1922 (ASBL 27.09.2006) |
Sëtz |
3, route d'Arlon L - 8009 Stroossen |
President | Nicola Cumini |
Generalsekretär | Alphonse Conrardy |
Tresorier | Alex Kieffer |
Member vu(n) | COSL, UEM, FIM |
Websäit | mul.lu |
D'MUL ass 1922 gegrënnt an de 27. September 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].
Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der Union européenne de motocyclisme (UEM) an der Fédération internationale de motocyclisme (FIM).
D'MUL ass de 5. Mee 1922 ënner dem Numm Club des motocyclettes luxembourgeoises gegrënnt ginn. Am Joer 1923 gouf se a Motor-Union Luxembourg ëmgedeeft.
De Veräin ass zanter 1926 den nationale Vertrieder bei der europäescher an internationaler Motorsportfederatioun an e vertrëtt d'Interête vun de Sport- a Stroossemotocyclisten zu Lëtzebuerg.
Organisatioun
ännerenDe President vun der MUL ass zënter 2020 den Nicola Cumini.
Fréier Presidenten
änneren- 1939 - 1954: Romain Lecorsais
- 1955 - 1967: Frinn Zürn
- 1968 - 1983: Nicolas Schmit
- 1984 - 1989: Jean-Paul Rippinger
- 1990 - 1992: Carlos Zeyen
- 1993 - 1993: Emile Kaell
- 1994 - 1995: Marcel Clement
- 1996 - 1997: Edouard Goedert
- 1998 - 2010: Jean-Pierre Kaufmann
- 2010 - xxxx: Michel Turk
- …
- 2015 - xxxx: Jean-Pierre Kauffmann
- AMAL (Anciennes motos au Luxembourg)
- Biker-Frënn Sandweiler
- High Speed Racing Club Luxembourg
- Les coyotes Bascharage
- Moto Club Les iguanes
- Motoclub Kayldall
- Moto-Club MX Kopstal Bridel
- Motorsport Club Ermsdorf
- Motor-Union Schifflange
- MX for Smiles
- Mx Team Friends
- Race
- Trial Club Warken
- Tugas Team Motors Luxembourg
- Vespa Club Luxemboug
Um Spaweck
änneren- Websäit vun der Motor-Union du Grand-Duché de Luxembourg (fr) (de) (en)
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F5512 agedroen
- ↑ (de)Unsere Geschichte. MotorUnionLuxembourg. Gekuckt de(n) 2023-12-24.
- ↑ (de)Vereine & Partner. MotorUnionLuxembourg. Gekuckt de(n) 2023-12-24.