Mostar (Kyrillesch: Мостар) ass eng Stad a Gemeng a Bosnien an Herzegowina. Se läit a Bosnien, eng 80 km vun der Haaptstad Sarajevo ewech. Mostar ass de Chef-lieu vum Kanton Herzegovina-Neretva, an der Mosleemesch-Kroatescher Federatioun. 1990 hat Mostar 130.000 Awunner, nom Bosnien-Krich waren et der just nach 60.000, uganks 2000 louch d'Zuel nees bei eppes iwwer 100.000.

D'Alstad vu Mostar, mat der Aler Bréck iwwer d'Neretva.

Geschicht änneren

Mostar gouf am 13. Joerhonnert gegrënnt an ass an de Joerhonnerten duerno, ënner dem Osmanesche Räich, gewuess an huet sech entwéckelt, och, well et eng strateegesch a fir den Handel wichteg Kräizung war vum Mier an d'Hannerland. Den Numm geet zeréck op Wiechter ("Mostari") déi vu Waachtierm aus d'hëlze Bréck iwwer de Floss Neretva bewaacht hunn.

1566 gouf vum tierkeschen Architekt Turkse Mimar Hajrudineng eng nei, stenge Bréck gebaut, déi haut Stari Most ("Al Bréck") genannt gëtt. Si ass vun der Unesco zanter 2005 als Weltierwe klasséiert.

1878 ass Mostar un Éisträich-Ungarn gaangen. Ënner den neien Häre gouf Mostar ënner anerem un den Eisebunnsreseau ugeschloss.

Nom Éischte Weltkrich gouf Bosnien Deel vum Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Slovenen, dat 1929 a ''Kinnekräich Jugoslawien ëmgenannt gouf.

Nom Iwwerfall vun Däitschland an Italien op Jugoslawien, 1941 war Mostar am Onofhängege Staat Kroatien. Nom Zweete Weltkrich war d'Stad Deel vun der Sozialistescher Republik Bosnien an Herzegowina, engem Deelstaat vun der Sozialistescher Federaler Republik Jugoslawien.

Am Abrëll 1992 ass de Bosnien-Krich ausgebrach. Am Juli 1992 hunn d'Kroaten hiren eegene Staat ausgeruff mam Numm Kroatesch Republik Herceg-Bosna, Mostar gouf als seng Haaptstad deklaréiert. 1993 koum et zu Mostar zu staarke Kämpf tëscht Kroaten a Moslemen. Am November 1993 gouf d'Stari Most an e Koup bombardéiert. Am Februar 1994 koum et zu engem Waffestëllstand tëscht Kroaten a Bosniaken (Accord vu Washington). Enn 1995 gouf mam Traité vun Dayton dem Krich a Bosnien an Herzegovina en Enn gesat.

Zanterhier ass d'Stad duerch e Boulevard gedeelt an e kroatesche Quartier am Westen an e mosleemeschen am Osten. Vun de ville Serben, déi virum Krich zu Mostar gewunnt hunn, sinn der just wéineg nees erëmkomm.

D'Al Bréck, déi mat der Alstad am mosleemeschen Deel läit, gouf nees opgebaut an den 23. Juli 2004 ageweit.

Um Spaweck änneren

Commons: Mostar – Biller, Videoen oder Audiodateien