Monument aux morts Jonglënster

Monument fir un d'Affer vum Zweete Weltkrich vu Jonglënster z'erënneren

D'Monument aux morts zu Jonglënster ass d'Haaptmonument, fir un d'Affer vum Zweete Weltkrich aus der Gemeng Jonglënster z'erënneren. Et steet op der Place des Enrôlés de Force – Victimes du Nazisme, um Giewel vun der Baltesscheier. Bis 1989 stoung et widder der Kierch.

Monument aux morts Jonglënster
D'Monument aux Morts zu Jonglënster
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Plaz Jonglënster
Kënschtler Albert Hames

D'Monument besteet aus 3 Tafelen:

  • Op där lénkser stinn d'Nimm vun zéng Jongen, déi als Geiselen den 23. a 24. August 1944 erschoss goufen, als 'Revanche' dofir, datt den Ortsgruppenleiter den 20. Juli 1944 doutgemaach gi war. Bei den Affer handelt et sech ëm Zwangsrekrutéiert, déi aus der Wehrmacht desertéiert waren, gefaange gi sinn an deemools an zwéi verschiddene Prisonge souzen[1];
  • Op der mëttelster Plack stinn d'Nimm vu véier jiddesche Matbierger, déi am KZ ëmbruecht goufen[1];
  • Déi riets Plack zielt déi 12 jonk Männer aus der Gemeng op, déi als Zwangsrekrutéiert an der Wehrmacht gestuerwe sinn[1].

Uewendriwwer ass eng Skulptur vum Christus, deen de Seege gëtt.

D'Monument ass e Wierk vum Sculpteur Albert Hames[2].

Nieft dem Monument ass nach eng méi kleng Plack ubruecht, op där ze liese steet:

PLACE DES ENROLES DE FORCE
VICTIMES DU NAZISME
1940-1945
CLASSES 1920-1927

HONNEUR ET RECONNAISSANCE
A TOUS LES COMPATRIOTES QUI ONT
SECOURU LA JEUNESSE SACRIFIEE

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 "Krichsmonumenter"; La commune se présente; archivéiert op junglinster.lu.
  2. Persin, Patrick-Gilles & Andrée Fonck, 2008. Albert Hames, sculpteur. Luxembourg: Patrick-Gilles Persin, 2008, S. 43